Scuderia AlphaTauri: virtuellen AT03 presentéiert
AlphaTauri, déi zweet F1-Ekipp vu Red Bull, huet hiren neien AT03 virgestallt. Gewise gouf awer nëmmen e virtuellen Entworf.
D’Scuderia AlphaTauri ass dat fënneft Team, dat hiren neien Auto presentéiert. Obwuel - bis elo hunn eigentlech nëmmen Aston Martin a McLaren e reellen Auto fir 2022 gewisen. Haas huet nëmme véier Rendering-Fotoe verëffentlecht a Red Bull Racing huet probéiert d’Fans mat engem ëmlackéierte Showcar op d’A ze drécken. Och bei AlphaTauri wëllt ee sech nach net an d’Kaarte kucke loossen. D’Presentatioun war eigentlech nëmmen e Video vun engem Moudendefilé (AlphaTauri ass eng Kleedermark aus dem Red-Bull-Konzern) an déi e virtuellen AT03 integréiert gouf. Den echten Auto gëtt et deemno eréischt bei den éischten Tester zu Barcelona ze gesinn.
Et bleift beim bekannte blo-wäissen Design, woubäi d’Faarwen am Detail awer ugepasst ginn. Op den éischte Fotoe fält op, dass déi säitlech Kill-Ouverture véiereckeg sinn an dass d’Säitekëschten ënnen staark tailléiert sinn.
Och wann am Moment nach net déi ganz Wourecht gewise gëtt, kann een dovunner ausgoen, dass d’Autoen och mam neie Reglement ënnerschiddlech ausgesinn an dass d’Teams ganz verschidden aerodynamesch Léisunge fannen.
D’B-Team vu Red Bull wëllt un déi gutt Leeschtunge vum leschte Joer uknäppen, wou AlphaTauri um Enn op déi 6. Plaz an der Constructeurs-WM koum. De Piloten-Duo bleift dee selwechte wéi 2021. De Fransous Pierre Gasly hofft, dass hie reegelméisseg an den Top5 matfuere kann. De Japaner Yuki Tsunoda muss no enger duerchwuessener éischter Saison beweisen, dass hie wierklech e F1-Cockpit verdéngt huet.
Dës Woch stinn nach dräi weider Presentatiounen um Programm
Dënschdeg, 15. Februar: Williams Racing
Donneschdeg, 17. Februar: Scuderia Ferrari
Freideg, 18. Februar: Mercedes-AMG F1 Team