D’Formel-1-Kommissioun koum e Méindeg zu London fir déi éischte Sëtzung am Joer 2022 zesummen.

An der neier Formel 1 Saison sinn nees dräi Sprint-Weekender virgesinn, dat huet d'FIA, déi internationale Automobilsportfederatioun an déi Responsabel vun den Ecurien aus der Kinneksklass festgehalen. U sech waren awer esouguer sechs esou Sprinte virgesinn.

Changementer an der Formel 1

Un der Sëtzung huet och den neie FIA-President Mohammed Ben Sulayem deelgeholl. Am Pressecommuniqué, deen e Méindeg am spéiden Nomëtteg publizéiert gouf, steet, dass et an dëser Saison déi dräi Sprintcoursse bei de Grand Prixe vun der Emilia Romagna, Éisträich a Brasilien um Programm stinn. Do kënnt et allerdéngs, par Rapport zu der leschter Saison, zu e puer Ännerungen:

  1. De Sprint-Qualifying, dee samschdes gefuer gëtt, gëtt a Sprint ëmgedeeft
  2. Déi 8 beschte Pilote kréie Punkten (8 fir den éischten an 1 fir de leschten)
  3. De séierste Pilot an der Qualifikatioun um Freiden kritt d’Pole-Positioun

Et gouf och, dem Communiqué no, ausféierlech iwwer den Abu Dhabi Grand Prix diskutéiert, wou d'Decisioun ëm d'Weltmeeschterschaft am leschten Tour gefall ass an de Renndirekter Michael Masi wéinst sengen Decisioune ferm an der Kritik stoung. An de kommenden Deeg sollen Nouvellen iwwert strukturell Ännerunge publizéiert ginn. Wat dat fir den Australier bedeit, ass bis elo nach net gewosst.

D'lescht Saison gouf et jo d'Premiere mat deem Format. Do waren et och dräi esou Weekender. Lo an de leschte Woche goufen et vill Diskussiounen hannert de Kulissen, well ee bei der FIA u sech gär sechs esou Spint-Coursë gefuer wär. Dozou de Formel-1-Commentateur vun RTL, de Serge Pauly:

"Dunn hunn déi grouss Ekippe gesot, jo kënne mer maachen, awer just wann eis Budgetsgrenz an d'Luucht gemaach gëtt. Dunn hunn awer déi kleng Ekippen e Veto ageluecht. A well d'Formel 1 den Accord vun den Ecurien brauch, fir esou Changementer duerchzeféieren, hate mer eng Pattsituatioun, an et huet iwwert de Wanter ausgesinn, wéi wann déi Sprinten no engem Joer schonn erëm gestuerwe wieren. Do gouf da laang verhandelt, laang gefeilscht, an de Kompromëss ass eben elo, datt ee keng sechs Sprints fiert, mä ëmmerhin dräi."

Dann ginn et bei deem Sprint-Format och eng rei Changementer. Esou eng Farce wéi am Reen vu Spa zejoert, well een zum Beispill an Zukunft evitéieren. do gouf et déi voll Punktzuel, obwuel d'Formel-1-Autoe just e puer Ronnen hannert dem Safety Car gefuer sinn.

"Vun dësem Joer un, mussen op d'mannst zwou fräi Ronnen, also net méi hannert dem Safety Car oder virtuelle Safety Car, gefuer ginn, fir datt et iwwerhaapt Punkte ginn. Zäit vun den hallwe Punkten ass och eriwwer. Et gëtt elo e ganze Schema, wéi d'Punkte verdeelt ginn. Wa manner wéi 25 Prozent vun der Course gefuer ass, kréie just d'Top 5 Punkten, de Gewënner der sechs. Wann elo tëscht engem Véierel an der Hallschent vun der Distanz gefuer ass, da kréien déi néng éischt Pilote Punkten, den Éischte gëtt mat 13 Punkte belount. Wann tëscht der Hallschent an dräivéierel gefuer ass, da ginn et Punkte fir déi 10 Éischt, an de Gewënner géif 19 Punkte kréien."

Op engem Sprintweekend geet et jo Freides lass mat der Qualifikatioun, Samschdeg ass dann eng kuerz Course iwwer ronn 100 Kilometer a Sonndes wei gewinnt de Grand Prix. Déi 3 Sprintweekender sinn zu Imola an Italien, Spielberg an Eistraich an Interlagos a Brasilien. Dat ganzt muss awer nach vum Weltrot vun der FIA am Mäerz ofgeseent ginn. D'Formel 1 Saison fänkt den 20. Mäerz mam Grousse Präis vu Bahrain un.

An do ass RTL Lëtzebuerg natierlech och nees Live dobäi. D'Course an de Qualifying sinn op der Tëlee op RTL Zwee, genee wéi och op RTL.lu an op RTL Play ze gesinn. Do kënnt Dir dann och déi fräi Traininge suivéieren.