Neie Williams FW44: Zwee verschidden Autoen?
Williams Racing huet en Dënschdeg säin Auto fir déi nei F1-Saison presentéiert. Oder fir exakt ze sinn: zwee Autoen – ee Showcar an dee richtegen Auto.
Op den éischte Bléck fält natierlech op, dass den FW44 elo komplett blo gehalen ass. Och en neie Sponsor gouf houfereg virgestallt. Opmierksamen Observateuren ass ee klengen Detail net entgaangen: Williams verzicht neierdéngs op de Ayrton-Senna-S-Logo, deen zënter dem déidlechen Accident 1994 op hiren Autoe gepecht huet.
Mä den ausgestallten FW44 war net echt! Et war nëmmen en ëmlackéierte Showcar, deen d’F1 d’lescht Joer gebaut hat, fir déi nei Aero-Reegelen z’illustréieren. Mä och de richtege Williams huet sech um Dënschdeg gewisen, an zwar Nomëttes beim Shakedown zu Silverstone.
Och Williams wollt mam neien Auto esou séier wéi méiglech op de Circuit fir eventuell gréisser Problemer direkt ze detektéieren. Wärend de richtegen FW44 fir den éischten Test preparéiert gouf, hunn d’Marketingleit einfach e Fake-Showcar fir d’Presentatioun dekoréiert.
2021 war fir Williams Racing eng aussergewéinlech gutt Saison. D’Traditiounsécurie huet bei 4 Coursse Punkte gesammelt an huet sech um Enn mat 23 Punkten déi 8. Plaz an der Constructeurs-Wäertung geséchert. Den Teamchef Jost Capito hofft natierlech, mam FW44 un déi Resultater uknäppen ze kënnen.

© Williams-Duo 2022: Nicholas Latifi & Alexander Albon
Dobäi muss Williams awer op den George Russell verzichten. Den talentéierte Britt ass bei Mercedes gewiesselt, fir do Teamkolleg vum Lewis Hamilton ze ginn. Nieft dem Kanadier Nicholas Lattifi wäert dëst Joer den Alexander Albon fir Williams fueren. Den brittesch-thailänneschen Ex-Red-Bull-Pilot feiert no engem Joer Paus säi Comeback an der F1.