D'FIA huet en Donneschdeg hire Moossnamekatalog als Konsequenz vun der kontroverser WM-Finall presentéiert.

Ännerungen an der Formel 1 / Reportage Lynn Kayser

De Michael Masi ass net méi Renndirekter an der Formel 1, dat huet den neie FIA-President Mohammed Ben Sulayem en Donneschdeg bekannt ginn. 67 Deeg no der kontroverser Finall vun Abu Dhabi, an där de Max Verstappen an der allerleschter Ronn duerch eng Decisioun vun der Renndirektioun nach de Lewis Hamilton iwwerhuele konnt an esou Weltmeeschter gouf, ass kloer, datt den Australier, deen am Mäerz 2019 d'Successioun vum onerwaart verstuerwenen Charlie Whiting iwwerholl hat, kee Grand Prix méi leede wäert. Hie kritt eng aner Plaz bei der FIA. Fir den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly war dës Decisioun keng Iwwerraschung.

"Fir mech war et spéitst Ufank Februar kloer, do hate mir ee Workshop vun der Formel 1 an do war de Stefano Domenicali, de Chef vun der Formel 1, deen huet scho gesot: Jo mir hunn d'lescht Joer villäicht schonn ze vill Entertainment gemaach a mir mussen erëm zeréckfannen, dass mer Sport maachen, a wann de Sport gutt ass, dann ass dee vum selwen entertaining, ënnerhalsam. An ech esou ok, dat do ass quasi schonn d'Kënnegung fir de Michael Masi."

Um Enn war den Australier duerch seng Decisiounen am opgeheizte WM-Kampf an der Schlussphas vun der leschter Saison wuel net méi ze halen.

"Dass net, datt en elo sou vill Feeler gemaach huet, mä einfach déi ganz Diskussiounen a wéi e bei der leschter Course virgefouert gouf, wéi e vun engem Toto Wolff vernannt gouf - en hätt einfach keng Autoritéit méi gehat."

Neie Renndirekter wäert, an dat scho vun den Tester d'nächst Woch zu Barcelona un, net méi nëmmen eng Persoun sinn. D'FIA setzt op eng Duebelspëtzt, déi zousätzlech Ënnerstëtzung kritt.

"Den Niels Wittich, DTM, deen hat déi och net ëmmer am Grëff. Do gouf et d'lescht Joer och Skandal-Courssen. Par contre den Eduardo Freitas, Portugis, bis elo Renndirekter vun der Laangstreckeweltmeeschterschaft, deen huet Autoritéit an ass respektéiert vun de Piloten. Déi zwee wäerte sech ofwiesselen, den Niels Wittich an den Eduardo Freitas. Si kréien awer bei all Course e permanenten Assistent. Et ass dat den Herbie Blash an deen ass da Senior-Adviser. An och deen huet déi néideg Autoritéit an ech mengen déi ganz Direction de course ass elo besser opgestallt."

Den Herbie Blash huet an der Vergaangenheet schonn iwwer 20 Joer mam Charlie Whiting an der Renndirektioun zesummegeschafft.

De FIA-President Mohammed Ben Sulayem huet en Donneschdeg ausserdeem annoncéiert, dass keng Kommunikatioune méi tëschent dem Directeur de course an den Ecurien diffuséiert ginn.

"Dat war déi grouss Neierung d'lescht Saison, dass mir wierklech Maische konnte spille bei de Gespréicher tëscht den Teams an dem Renndirekter. Dat gëtt ofgeschaaft, dat heescht, dat gëtt och net méi op der Tëlee gewisen. Leider net. An d'Teams dierfen och net méi esou a Kontakt trieden, dat heescht si dierfen dem Renndirekter net méi esou a säin Handwierk schwätzen. Si kënnen nach Froe stellen, mä do gëtt et ee ganz präzis definéierte Protokoll. Wéi dee genee ausgesäit, dat si mir nach net gewuer ginn."
Nei ass dann nach, datt een änlech wéi am Futtball an Zukunft op ee Video-Assistant-Referee (VAR) setzt.

"Dat ass an de Büroe vun der FIA zu Paräis, dat heescht déi kucke sech dat alles aus der Distanz un a si kënnen da wierklech mat killem Kapp déi eng oder aner Situatioun analyséieren an dann eben dem Directeur de course recommandéieren, wéi eng Decisioun dass e soll huelen."  

Doriwwer eraus bleift als Konsequenz vun Abu Dhabi, datt de Prozess, wa sech Autoen hannert dem Safety-Car zeréckronnen dierfen, vum sportleche Berodercomité vun der Formel 1 evaluéiert gëtt. E konkrete Moossnameplang soll nach virum Start vun der neier Saison bei der nächster Sëtzung vun der Formel-1-Kommissioun presentéiert ginn.