Scuderia Ferrari presentéiert hiren neien Auto
Formel 1-Autoe gesi jo wéinst dem néien aerodynamesche Reglement ganz anescht aus, wéi nach lescht Joer.
Ma den italieneschen Autosfabrikant huet virun allem een Element presentéiert, deen ee bei der Konkurrenz nach net an der Form gesinn huet.
An dat Element, bei deem sech d’Ingenieure vun der Scuderia Ferrari eppes Besonnesches afale gelooss hunn, ass de viischte Spoiler, dee sech vun deenen aneren Autoen, déi bis ewell presentéiert goufen, ofhieft.
Am Groussen a Ganze gesäit den F1-75, sou wéi en gedeeft gouf, aggressiv aus an et ass och e fäerdegen Auto dee presentéiert gouf. Déi zwee Piloten, Charles Leclerc a Carlos Sainz, hunn esou op den Auto reagéiert.
Charles Leclerc: "Ech fannen den Auto richteg flott. Nach léiwer hunn ech wann den Auto och nach séier ass, mee de Look ass schéin."
Carlos Sainz: "E gesäit aggressiv a radikal aus, awer och schéin an esou wéi de Charles hoffen ech och, dass en séier ass.»
D’Piloten hoffen, dass Sie mat deenen néien 18-Zoll-Pneue méi aggressiv kënne fueren, mee eng Fro bléift den Ament onbeäntwert, well déi néi Autoen nach op kengem Circuit gefuer goufen: "D’Fro déi ech mir stellen ass déi vun der Visibilitéit. D’Pneue sinn elo méi grouss a verdecken deng Vu. Dat kéint zu engem Problem op de Stad-Circuite ginn", esou de Carlos Sainz weider.
Lescht Joer ass d'Scuderia op déi 3. Plaz vun der Konstrukteursweltmeeschterschaft komm. Domat ginn sech d’Italiener awer net zefridden. Dës Saison well ee mat dësem Auto nees ugräifen an ëm d'Weltmeeschterschaft kämpfen.
D’Zuel 75 am Numm vum Auto steet iwwregens fir en Anniversaire vun der Scuderia. 1947 huet den Enzo Ferrari nämlech zu Maranello deen éischte Ferrari Moto gestart.