De Mercedes vum Konstrukteursweltmeeschter ass nees Sëlwer
Um Freideg Moien huet de Konstruktiounsweltmeeschter Mercedes den Auto fir d'Saison 2022 presentéiert.
Déi gréissten Ännerung, déi opfält, dass den W13 E Performance net méi schwaarz ass, wéi nach d'lescht Saison, mä nees d'Faarf Sëlwer dominéiert. Mat dobäi waren och de Lewis Hamilton an den fréiere Williams-Pilot George Russell.
De siwefache Weltmeeschter huet sech no der Final zu Abu Dhabi laang zréckgezunn an et gouf souguer iwwert e Récktrëtt spekuléiert. De Vizeweltmeeschter huet wärend der Presentatioun zouginn, mam Gedanke gespillt ze hunn, opzehalen, huet sech awer no Iwwerleeungen entscheet, nach emol unzegräifen. Falls de Britt dëst Joer de Weltmeeschtertitel gewannen géif, wier hien eleng Rekordweltmeeschter.
Konkurrenz kéint de Mann mat der Nummer 44 awer aus der eegener Ekipp kréien. Den George Russell huet jo de Cockpit vum Valtteri Bottas iwwerholl, deen jo bei Alfa Romeo gewiesselt ass. Den 24 Joer ale Britt huet 2020 scho gewisen, wat hien an engem Mercedes fäerdegbréngt. Beim grousse Präis vun Sakhir hat hien deemools den Hamilton wéinst enger Coronaerkrankung remplacéiert, wou hien nëmmen knapp d'Pole a seng éischte Victoire an der Kinneksklass verpasst huet.
D'Fro, déi sech no der Presentatioun stellt, ass: Gewënnt Mercedes mat dësem Auto fir déi néngte Kéier hannerteneen d'Konstrukteursweltmeeschterschaft? Dat ass op alle Fall Zil, deen Titel nees op Brackley ze huelen. Et kann ee gespaant sinn, ob Mercedes weider déi Ecurie bléift, nieft Red Bull, déi et ze schloe gëllt oder ob eng aner Ecurie wéinst deenen néien aerodynamesche Reegelen dës Saison wäert dominéieren.