Véier Woche virum Start vun der neier F1-Saison ass d’Spannung grouss: Wien ass Favorit? A wéi wäerten déi nei Reegele funktionéieren?

Schonn 8 vun 10 Ekippen hunn déi lescht Wochen d’Duch vun hirem neien Auto erofgezunn. D’Fans waren nach méi gespaant wéi soss. Déi grouss Fro: Wéi interpretéieren d’Ingenieuren déi nei technesch Reegelen, a wéi wäert déi nei Generatioun vun Autoen ausgesinn?

Natierlech wëllen d’Ingenieure sech esou fréi an der Saison nach net ganz an d’Kaarte kucke loossen. Weltmeeschter am Tarnen: Red Bull Racing. Den ausgestallten RB18 ass eng Phantasie-Maquette, déi ouni Bremsen an ouni DRS net vill mat der Realitéit ze dinn huet.

Och d’Pilote sinn dëst Joer besonnesch gespaant, wéi hiert neit Aarbechtsgeschier ausgesäit. De 7-fache Weltmeeschter Lewis Hamilton: "Ech fille mech grad wéi e klengt Kand. Et ass ëmmer opreegend. Mä elo ass et den Ufank vun enger neier Ära. Mir haten nach ni esou eng drastesch Verännerung. Et ass wierklech eng grouss Ëmstellung, a ville Beräicher."

Vun deem, wat ee bis elo gesinn huet, schéngt Ferrari déi nei Reegelen am radikaalsten interpretéiert ze hunn. D’Form vun de Säitekëschten, de viischte Spoiler. Do gesäit ee kreativ Iddien, déi d’Konkurrenz net hat, oder nach net weise wollt.

Déi nei Reegelen hunn e kloert Zil: Et soll méi einfach ginn, fir méi no hannert engem Géigner ze fueren. Dat soll méi Iwwerhuelmanöver erméiglechen. Mat der neier Aerodynamik sollen dofir d’Turbulenzen hannert dem Auto (déi sougenannte "knaschteg Loft") reduzéiert ginn. D'Reglement ass ganz präzis geschriwwen, fir ze evitéieren, dass d'Ingenieuren Méiglechkeete fannen, fir déi nei Reegelen z'ëmgoen. Do wou ee fréier vu lauter Zousazspoilere bal keen Auto méi gesinn huet, sinn déi nei Karosserie vill méi iwwersiichtlech.

Op dat neit Konzept funktionéiert? Dat ass déi grouss Fro. Nëmmen e Grappvoll Teams ware mat hirem neien Auto schonn um Circuit, fir e Shakedown. Dat ass e kuerze Funktiounstest vu maximal 100 Kilometer. Do kritt een als Pilot héchstens en éischten Androck, wéi sech den neien Auto ufillt. Weider méi laang Tester ware bis elo net erlaabt. Eréischt d'nächst Woch däerfen all d'Teams wärend dräi Deeg intensiv zu Barcelona testen. Eng Woch ier d’Saison ufänkt, si weider dräi Testdeeg am Bahrain virgesinn.

D'Pilote wëllen am Moment op jiddwer Fall nach net ze vill verspriechen, mä och si hoffen, dass d'Konzept opgeet. Wärend de McLaren-Pilot Daniel Riccardo sech op déi versprache Rad-u-Rad-Zweekämpf an eng méi grouss Rivalitéit freet, ass de Sebastian Vettel vun Aston Martin méi skeptesch: "Ech weess et net... Ech mengen, mir mussen eis nach gedëllegen. D'Iddi ass natierlech, fir de Sport ze verbesseren, mä mir musse kucken. Déi éischt Course ass vläicht net de beschte Moossstaf, mä no e puer Coursse gesi mir, wou et higeet."

Eng weider wichteg Ännerung: Déi nei Autoe rullen op 18- amplaz 13-Zoll-Felgen. De Querschnëtt vun de Pneue geet zwar erof, mä alles an allem ginn d'Rieder méi grouss a méi schwéier. Eng Erausfuederung fir d'Mecaniciene beim Boxestopp, a fir d'Piloten am Cockpit. De Weltmeeschter Max Verstappen explizéiert: "Fir mech ass dee gréisste Changement d'Vue am Cockpit, mat deene grousse Rieder. Fir d'Corde vun enke Kéiere richteg z'erwëschen, ass elo  méi schwéier. D'Fueren u sech, do huet ee warscheinlech manner Grip, mä dorunner gewinnt ee sech."

Mat den neie Reegelen hunn all d'Ingenieuren misste mat engem wäisse Blat Pabeier ufänken. Dat kéint dofir suergen, dass d'Kaarten nei gemëscht ginn. Grad bei de klengen Ecurië mécht ee sech grouss Hoffnungen. Esou hofft den Nicholas Latifi vu Williams, dass vläicht eng vun de groussen Ecurien e Schrack an déi falsch Richtung mécht, an doduerch zeréckfält: "Mir bei Williams freeën eis iwwert dee Reset!", esou de Kanadier.

D'Saison 2022 riskéiert fir d'Ingenieuren eng ganz ustrengend ze ginn. Si musse séier reagéieren, fir hiren Auto permanent weider ze entwéckelen. A well d'Budgeten an der F1 dës Saison op 140 Milliounen Dollar plafonéiert sinn, muss all Update vun Ufank u sëtzen, soss gëtt een duebel bestrooft.

D'Formel 1 kënnt Dir och dëst Joer nees op RTL ZWEE an op RTL.lu live suivéieren.