Grand Prix a Russland ënnert aktuellen Ëmstänn onméiglech

D'Formel 1, déi internationale Automobilsportfederatioun FIA, an d'Ecurien hu sech en Donneschdegowend zesummegesat an sinn zu där Conclusioun komm.
Déi Responsabel vun der Formel 1 hunn e Freideg an der Mëttesstonn matgedeelt, datt duerch déi aktuell Ëmstänn tëscht Russland an der Ukrain, et onméiglech ass, datt de Grousse Präis vun Russland an der neier Saison gefuer ka ginn. D'Formel 1, déi internationale Automobilsportfederatioun FIA, an d'Ecurien hu sech en Donneschdeg den Owend zesumme gesat an sinn zu där Conclusioun komm. De Grand Prix zu Sotschi war fir de Weekend vum 25. September programméiert. D'Formel 1 Saison fänkt den 20. Mäerz am Grousse Präis vu Bahrain un.
RTL Tëlee Lëtzebuerg ass nees Live fir iech op RTL Zwee, um Internet op rtl.lu an op rtlplay bei all Course dobäi.