D’Zäit leeft! An dräi Woche fänkt am Bahrain déi nei F1-Saison un. Dës Woch hunn all d’Teams zu Barcelona wärend dräi Deeg intensiv getest.

Lewis Hamilton

Mercedes

1:19.138

C5

George Russell

Mercedes

1:19.233

C5

Sergio Perez

Red Bull

1:19.556

C4

Lando Norris

McLaren

1:19.568

C4

Charles Leclerc

Ferrari

1:19.689

C3

Max Verstappen

Red Bull

1:19.756

C3

Sebastian Vettel

Aston Martin

1:19.824

C5

Pierre Gasly

AlphaTauri

1:19.918

C4

Carlos Sainz

Ferrari

1:20.072

C3

Daniel Ricciardo

McLaren

1:20.288

C4

Ferrari

439

Mercedes

393

McLaren

367

Red Bull

358

Williams

347

AlphaTauri

308

Aston Martin

296

Alpine

266

Alfa Romeo

175

Haas

160

Net nëmmen d'Pilote musse léieren, wéi se mat den Autoen an den neie Pneuen ëmgoe mussen, och d'Ingenieure mussen déi nei Aerodynamik eréischt verstoen. A montéieren dofir riseg Raquette mat Loftsensoren op d'Autoen.Mä ee grousse Problem vun den neien Autoen ass esou flagrant, dass ee keng Prezisiounsinstrumenter brauch fir se ze detektéieren. Bei héije Vitesse fänken d'Autoen u mat hopsen. Dat ass eng Konsequenz vum sougenannte Ground Effect. Mënsch a Material ginn extrem duerchgerëselt. D'Ingenieure si gefuerdert, dat an de Grëff ze kréien.Vill Aarbecht gëtt et och nach bei Alpine a virun allem bei AlfaRomeo. Déi hu wéinst diversen technesche Problemer wäertvoll Testzäit verluer.An Haas bleift d'Suergekand Nummer 1. Lues an onzouverlässeg. An du koumen och nach déi weltpolitesch Turbulenzen dobäi. E Freideg ass déi amerikanesch Ecurie ouni d'Autocollante vum russesche Sponsor gefuer. An teamintern gëtt esouguer d'Zukunft vum russesche Pilot Nikita Mazepin a Fro gestallt.An enger Krisesëtzung hunn d'FIA an d'Ekippen donieft decidéiert, dass de Russland-GP ënnert den aktuelle Konditiounen net gefuer ka ginn. Komplett ofgesot ass d'Course am September nach net, si gouf nëmme fir de Moment aus dem Kalenner geholl.