Bei de Wantertester zu Barcelona ware si nach mat engem getarnten Design ënnerwee.

Den C42 ass den 30. Auto, deen an der Fabrick zu Hinwil zesummeschrauft gouf.

Alfa Romeo presentéiert als leschten Ecurie hiren Auto
Bei de Wantertester zu Barcelona ware si nach mat engem getarnten Design ënnerwee.

Den Optakt an d'Saison ass fir Alfa Romeo allerdéngs net gutt verlaf. Zu Barcelona goufe si dacks wéinst technesche Problemer ausgebremst an hunn et ënnert dem Stréch nëmmen op 175 Ronnen bruecht. Domat sti si op der zweet leschter Plaz virun Haas (160) an hannert Alpine (266). Och d'Zäite vun de Ronnen, déi am Ufank vun der Saison net fir Boer Mënz solle geholl ginn, sinn net villverspriechend.

Trotzdeem héiert ee vun der Ecurie optimistesch Téin. Eng weider Occasioun, d'Performancen ze testen, hunn d'Ecurien den 10. Mäerz, wou et da mat de Wantertester am Bahrain weidergeet.

Opfälleg bei dësem néien Auto sinn déi grouss Säitekëschten. Wéi et schenkt, brauch den Ferrari Motor vill Loft an Alfa Romeo huet déi néi 18 Zoll Felgen vum C42 an den Teamfarwen lackéiert.

Dëst Joer setzen zwee nei Piloten am Auto. De Finn a fréiere Mercedes Pilot Valterri Bottas an de chinesesche Rookie Guanyu Zhou ersetzen den Antonio Giovinazzi an den Kimi Raikkönen, deen an d'Pensioun gaangen ass. Ersatzpilot ass den Robert Kubica aus Polen.