Nei national Rekorder vum Charline Mathias a Vera Hoffmann
E Sonndeg si bei den Dammen op den 800 an den 3000 Meter nei Lëtzebuerger Beschtzäiten opgestallt ginn.
Bei den Dammen huet d'Charline Mathias op den 800 Meter den eegene Rekord aus dem Joer 2017 gebrach a mat enger Zäit vun 2:03.91 eng nei national Beschtzäit opgestallt. Dobäi konnt hatt sech virum Chloé Schmidt an dem Daniela Godinho duerchsetzen.
Bei den Häre konnt sech de Charel Grethen mat enger Zäit vun 1:51.44 virum Felix Rauchs an dem Tom Recht d'Victoire sécheren.
Nieft den 800 Meter konnt sech d'Charline Mathias och op de 400 Meter d'Victoire sécheren. Mat enger Zäit vu 56,20 Sekonnen ass et um Enn duergaangen, fir sech virum Yana Havé an dem Charline Lefevre ze behaapten.
Op den 3000 Meter gouf et bei den Dammen dann e weidere Rekord. D'Vera Hoffmann huet hirer Konkurrenz keng Chance gelooss a stellt mat enger Zäit vun 9:20.97 en neien nationale Rekord op. Bei den Hären konnt sech de Vivien Henz mat enger 8:26.34 virum Bob Bertemes d'Victoire sécheren.
Op de 60 Meter Hecken konnt sech bei den Dammen d'Victoira Rausch mat enger Zäit vun 8,28 Sekonne virum Anna Lensment an dem Lauria Boever duerchsetzen. Bei den Häre gouf et eng Victoire fir de François Grailet, dee sech mat 7.83 Sekonnen déi éischt Plaz séchere konnt. De Julian Andrianavalona an de Claude Godart sinn op d'Plazen 2 an 3 komm.
Am Sprint iwwer 60 Meter konnt sech d'Patrizia van der Weken bei den Dammen mat enger Zäit vu 7,29 Sekonnen déi éischt Plaz sécheren. Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Anais Bauer an d'Sandrine Rossi komm.
Op den 1500 Meter gouf et bei den Hären dann eng Victoire fir de Bob Bertemes, dee sech mat 3:57:32 virum Gil an dem Charel Weicherding behaapte konnt. Bei den Damme konnt sech d'Vera Hoffmann mat enger 4:49:00 duerchsetzen.
Am Bommstoussen huet de Bob Bertemes mat 20,91 Meter senge Konkurrente keng Chance gelooss. Um Enn wënnt hie virum Olivier Caron an dem Benjamin Michel