FIA décidéiert Sanktioune géint Russland a Belarus

© AFP (Archiv)
Wéinst dem Ukrain-Krich seet d'FIA all d'Courssen a Russland an am Belarus of. D'Pilote aus béide Länner ginn awer net gespaart.
Nodeems den IOC Sanktiounen am Sport recommandéiert huet, an aner international Federatioune russesch Sportler an Ekippe vun hire Competitiounen ausgeschloss hunn, huet d’FIA fir en Dënschdegowend eng Drénglechkeetssëtzung vun hirem „World Motor Sport Council“ aberuff.
Dobäi goufe Sanktioune géint Russland a Belarus decidéiert. A béide Länner däerfe bis op Weideres keng international Autoscoursse méi organiséiert ginn. Domadder ass de Grousse Präis vu Russland Enn September offiziell ofgesot. Déi lescht Woch hat d’FIA decidéiert, dass d’Sotchi-Course "ënnert den aktuellen Ëmstänn" aus dem Kalenner geholl gëtt. Déi Formuléierung huet verschidden Hannerdieren opgelooss, mä elo ass kloer, dass d’F1 op d'mannst dëst Joer op de Russland-GP verzicht. Och d’Manche vum Tourewon-Weltcup WTCR ass annuléiert.
Russesch a belarussesch "Nationalekippe" gi vun alle FIA-Competitiounen ausgeschloss. Well Nationalekippen am Automobilsport éischter méi rar sinn, si vun dëser Sanktioun awer nëmme wéineg Championnater betraff.
Russesch a belarussesch Pilote respektiv Teams, déi do ugesidelt sinn, par contre däerfe weiderhin bei internationale Courssen untrieden. Si mussen dobäi awer ënnert neutralem „FIA-Fändel“ fueren.
Den Nikita Mazepin ass wuel dee prominteste Pilot, dee vun dëser Decisioun betraff ass. De jonke Russ ass d’lescht Joer am amerikaneschen Haas-Team seng éischte Saison an der Formel 1 gefuer. Theoretesch däerf hien also weiderfueren, mä seng F1-Zukunft ass trotzdeem ganz ongewëss. Haaptsponsor vun Haas ass nämlech de Papp Dmitry Mazepin mat senger Firma Uralkali. Bei den F1-Tester d’lescht Woch zu Barcelona ass Haas schonn dee leschten Dag ouni d’Logoen a russesche Faarwe gefuer. Bei den Amerikaner schéint et Iwwerleeungen ze ginn, de Sponsorkontrakt z’annuléieren, an domadder wär d’F1-Karriär vum Nikita Mazepin dann och eriwwer.
Et gëtt schonn iwwert méiglech Successeure spekuléiert. Dem Teamchef Günther Steiner säin éischte Kandidat ass de brasilianeschen Haas-Ersatzpilot Pietro Fittipaldi. Als méiglech Alternativ kéint den Antonio Giovinazzi duerch seng exzellent Kontakter mam Haas-Motorepartner Ferrari awer nach e F1-Cockpit fir 2022 kréien.