Kee Russland GP dës Saison

Archiv-Bild / © SID/ALEXANDER NEMENOV
De Grand Prix, dee sollt zu Sotchi gefuer ginn, gouf aus dem Formel-1-Kalenner gestrach. Déi nächst Courssen a Russland sinn iwwerdeems och vum Dësch.
D'Ukrain-Kris huet och en Impakt op de Sport. D'Verbänn ronderëm Welt fänken no der Recommandatioun vum IOC un russesch a wäissrussesch Sportler, respektiv Ekippe vun den Kompetitiounen auszeschléissen oder Evenementer ze annuléieren. Aus der Formel 1 kënnt zum Beispill d'Nouvelle, dass de Grand Prix, deen zu Sotchi sollt gefuer ginn, net méi am Kalenner ass. Och an Zukunft soll net méi a Russland gefuer ginn.
Net nëmmen de Russland GP gouf fir dës Saison gestrach, mee och déi nächste Coursse sinn vum Dësch. 2022 wäerte Formel 1 Ecurien hir Zelter weder zu Sotchi nach zu St. Petersburg opschloen, do wou vun 2023 u sollt gefuer ginn. Wéi ee Circuit dës Saison aspréngt, ass awer nach net gewosst.
Den F1-Expert Serge Pauly: "Ganz héich gehandelt gëtt Tierkei. De Circuit ass schonn an deene leschten zwee Pandemie-Joren agesprongen, awer och de Katar bréngt sech selwer an d'Gespréich. Portimao kéint eventuell eng Léisung sinn, mee ënnert dem Stréch mengen ech, dass et Tierkei wäert ginn, well Si och bereet sinn, fir de Grand Prix ze bezuelen."
Dem Nikita Mazepin seng Zukunft ass nach ongewëss. Stand haut dierf de russesche Pilot fir d'Ecurie Haas un den Depart goen, allerdéngs, esou wéi lescht Joer och schonn, ënnert neutralem Fändel.
"Ech mengen, de Mazepin ass ugezielt. Egal wéi zu Silverstone dierf en net fueren, well brittesch Federatioun gesot huet, russesch Lizenzen acceptéiere mir net méi. Säin Teamchef, de Günther Steiner, spekuléiert jo schonn, wien hien urifft, wann de Mazepin net méi fueren dierf. Dat wier de Pietro Fittipaldi, den Ersatzpilot vun der Ecurie Haas. En Antonio Giovinazzi huet och gutt Chancen, well den Italiener gëtt bei Ferrari héich gehandelt an déi liwwere Motoe jo un Haas, wat géing heeschen, dass Ferrari den Giovionazzi géing an d'Spill bréngen."