En Donneschdeg hat de neien Teamchef vun Aston Martin, de Mike Krack, säin éischten internationale Presseoptrëtt.

An zwou Woche steet deen éischte fräien Training fir de Grousse Präis vum Bahrain an der neier Formel1-Saison um Programm. Op der éischter Pressekonferenz vum Mike Krack ass et ënnert anerem och ëm de véierfache Weltmeeschter Sebastian Vettel gaangen, dee jo bei der brittescher Ecurie fiert. Am RTL-Interview hat eis de Lëtzebuerger och iwwert seng Relatioun mam 34 Joer alen däitsche Pilot erzielt.

Mike Krack / Rep. Franky Hippert

Zanter dem 1. Mäerz ass de Mike Krack elo offiziell Teamchef vun Aston Martin. Vun 2006 bis 2007 huet den 49 Joer ale Lëtzebuerger scho mam Sebastian Vettel bei der Formel 1 Ecurie BMW-Sauber als Renn-Ingenieur zesumme geschafft:

"Du brauchs jo och Vertrauenspersounen oder Leit, déi wëssen, wat grad am Team gelaf ass, a vun dohier freeën ech mech, well et ass einfach e feinen Typ. A wat dat fachlecht oder dat technescht oder dat fuererescht ugeet, musse mer natierlech eescht huelen, mat wat hie kënnt."

De Sebastian Vettel ass d'lescht Saison vu Ferrari bei Aston Martin iwwergewiesselt. De Mike Krack hat, och wann hien elo déi lescht Jore bei BMW, an net méi direkt an der Formel 1, war, d'Kinneksklass a virun allem säi fréiere Pilot ëmmer am A:

"Ech denken, datt hien och doduercher, datt lescht Saison net esou gelaf ass wei hien sech dat erhofft hat, an datt duerch dat neit Reglement de Pilot vläicht nees méi eng grouss Roll spillt. Ech freeë mech, well net jiddereen huet e véierfache Weltmeeschter a sengem Team."

An den däitsche Medien ass dann och elo scho getitelt ginn, datt de Mike Krack de Grond kéint sinn, firwat de Vettel nach bei Aston Martin wéilt bleiwen. An d'Haaptargument ass "d'optimal Leeschtung vum Auto a vum Team."

RTL Lëtzebuerg ass och dës Saison nees Live mat der Tëlee op RTL ZWEE an um Internet op RTL.lu an op RTL Play fir iech bei all Formel1-Course dobäi.