Formel 1
Imola bleift bis 2025 am Kalenner

© AFP (Archiv)
Dës Decisioun hunn déi Responsabel vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport e Méindeg annoncéiert.
Imola war wärend der Pandemie agesprongen, elo ass de fréiere Grousse Präis vu San Marino an aktuelle Grand Prix vun der Emilia-Romangna also dës an déi nächst 3 Saisonen emol sécher dobäi.
1980 war déi éischte Kéier eng Formel-1-Course op deem Circuit gefuer ginn. Dee schwäerzte Moment an der Geschicht vun där Streck war sécherlech 1994, wéi um nämmlechte Weekend fir d'éischt den Éisträicher Roland Ratzenberger an duerno d'Legend aus Brasilien, den Ayrton Senna ëm d'Liewe komm sinn.
Am meeschte gelies