Nodeems de Red-Bull-Pilot schonn den Optakt vun der neier Saison zu Bahrain fir sech entscheede konnt, ass et zu Jeddah den nächste Succès ginn.

Beim Grousse Präis vu Saudiarabien huet sech de Max Verstappen e Sonndeg seng zweet Victoire vun der neier Saison geséchert. Den Hollänner huet sech déi éischt Plaz mat engem komfortabele Virsprong virum Sergio Perez an dem Charles Leclerc geséchert.

Um Highspeed-Circuit zu Jeddah ass de Max Verstappen vun der Pole Position virum Charles Leclerc an dem Sergio Perez an d'Course gestart a konnt sech nom Depart och un der Spëtzt halen. Hannendrun huet et net all ze laang gedauert, bis den éischte Pilot säi Gefier op d'Säit stelle misst. De Pierre Gasly hat a sengem Alpin schonn an der Ronn fir op d'Grille de Depart mat Problemer u senger Boîte ze kämpfen a konnt d'Course domat fréi schonn net weiderfueren.

An der 7. Ronn gouf et dann e Schreckmoment fir de Lance Stroll. De Pilot vun Aston Martin hat mat sengem viischte Pneu d'Mauer touchéiert an ass doropshin ouni d'Kontroll iwwert säin Auto weider frontal an déi nächst Mauer gerannt. Fir de Kanadier, dee sech bei deem Accident net méi schwéier wéigedoen huet, war d'Course domat eriwwer. Nodeems d'Safety-Car nees vun der Streck war, louch de Lando Norris un der Spëtzt vum Feld, dat awer well sech de Pilot vu McLaren anescht wéi den aktuelle Weltmeeschter géint e fréizäitege Boxestopp entscheet huet. Laang huet et hei allerdéngs och net gedauert, bis sech den Hollänner nees seng al Plaz konnt zréckhuelen.

No 50 Ronne war et fir de Max Verstappen dann un der Zäit iwwert d'Arrivée ze fueren. Ouni wierklech Konkurrenz setzt hie sech um Enn viru sengem Teamkolleeg Sergio Perez an dem Charles Leclerc am Ferrari duerch a séchert sech domat souverän déi zweet Victoire an der zweeter Course vun der Saison. E gutt Resultat ass et iwwerdeems och fir den 18 Joer alen Oliver Bearman ginn. Den Ersatzpilot vu Ferrari, deen den um Blinddarm operéierte Carlos Sainz ersat huet, war vun der 11. Positioun gestart an ass seng éischt Formel-1-Course als Siwenten op en Enn gefuer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 STC SAUDI ARABIAN GRAND PRIX 2024

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL