De Sebastian Vettel kann net beim Optakt vun der Formel-1-Saison de Weekend am Bahrain dobäi sinn. Hie gouf positiv op de Coronavirus getest.

De 4-fache Weltmeeschter gëtt bei der 1. Course vun der Saison duerch säi Compatriot Nico Hülkenberg ersat. Dat huet d'Ecurie Aston Martin matgedeelt.

Tweet Hülkenberg fir Vettel

Gutt Nouvellen da fir McLaren, well den Daniel Ricciardo kann no senger Corona-Infektioun elo awer beim Grousse Präis am Bahrain un de Start goen.

Tweet McLaren