Och dëse Weekend, beim Grousse Präis vun Saudi-Arabien, kann den Däitsche Sebastian Vettel nach net a säin Formel 1 Auto klammen.

No senger Coronainfektioun ass den Test nach ëmmer positiv. De 4-fache Weltmeeschter gëtt genee wéi virun enger Woch beim Grousse Präis vu Bahrain vun sengem Kompatriot Nico Hülkenberg bei Aston Martin, der Ecurie vum Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack, ersat.

De Formel-1 Weekend gëtt et jo och nees hei bei RTL Lëtzebuerg. Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg den Owend um 19 Auer live op der Tëlee op RTL Zwee an um Internet.