D'Formel 1 expandéiert weider an den USA a vun der Saison 2023 gëtt et eng drëtt Course an de Vereenegte Staaten.

Nei an de Kalenner kënnt de GP vu Las Vegas, deen als Nuetscourse am November soll ausgedroe ginn. Schonn 1981 an 1982 goufe Formel-1-Courssen zu Las Vegas organiséiert.

De Parcours ass 6,12 Kilometer laang a soll iwwert de weltberüümte "Strip" verlafen. Et gi 14 Kéieren an 3 laang Ligne Droiten, bei deene Vitesse vu bis zu 342 km/h méiglech solle sinn. Et solle 50 Ronne gefuer ginn.

Den 8. Mee dëst Joer feiert de Grousse Präis vu Miami seng Première. Desweidere gëtt zanter 2012 de Grousse Präis vun Austin gefuer. Vun nächster Saison u kënnt dann nach e weidere GP zu Las Vegas dobäi.