An engem turbulente Qualifying huet sech de Ferrari-Pilot zu Melbourne déi 11. Pole a senger Karriär geséchert.

Et ass nees Formel 1 an Australien. Zwee Joer war duerch d'Corona-Pandemie an déi zoue Grenzen an Australien kee Grousse Präis um 5. Kontinent. Dëse Weekend ass et fir déi drëtte Course vun der Saison awer de Retour am Albert Parc zu Melbourne. E Samschdeg de Moien konnt sech de Charles Leclerc op Ferrari d'Pole Position sécheren. Op déi 2. Plaz ass de Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull gefuer. Domadder kënnt et e Sonndeg nees zum Duell tëscht den zwee grousse Rivale vum Ufank vun dëser Saison.

Op d'Plazen 3 a 4 am Qualifying sinn de Sergio Perez um zweete Red Bull an de Lando Norris op McLaren gefuer. De Lewis Hamilton op Mercedes ass de 5. ginn.

D'Course gëtt e Sonndeg de Moien um 7 Auer eiser Zäit zu Melbourne gefuer. Vu 6.30 Auer u kënnt Dir nees live bei de Kolleege vun der Tëlee op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live mat dobäi sinn.

De Replay vum Qualifying fannt Dir op RTL Play.

Am Q1 koum et zu enger méi hefteger Kollisioun tëscht dem Nicholas Latifi (Williams) an dem Lance Stroll (Aston Martin). De Stroll hat de Latifi op der Opwiermronn iwwerholl an huet dunn nees méi lues gemaach. De Williams-Pilot wollt du wuel zeréck iwwerhuelen, ma de Stroll ass plëtzlech no riets gezunn an et ass zum Crash komm. De Qualifying hat duerno misse fir kuerz Zäit ënnerbrach ginn.

Nieft Stroll a Latifi sinn och de Kevin Magnussen (Haas), de Sebastian Vettel (Aston Martin) an den Alexander Albon (Williams) net iwwert de Q1 erauskomm.

Am Q2 war du Schluss fir de Pierre Gasly an de Yuki Tsunoda (Alpha Tauri), de Valtteri Bottas an de Zhou Guanyu (Alfa Romeo) an de Mick Schumacher (Haas). Fir de Bottas ass et no 103 Kéieren déi éischte Kéier, datt hien et net an de Q3 gepackt huet.

Am Q3 gouf et eng weider Ënnerbriechung. No engem Verbremser war de Fernando Alsonso mat sengem Alpine an d'Mauer gerannt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

D'Klassement vum Qualifying vum FORMULA 1 HEINEKEN AUSTRALIAN GRAND PRIX 2022

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL