Dem Spuenier säi Kontrakt wier Enn der Saison ausgelaf, ma am Kader vum Grousse Präis an der Emilia-Romagna gouf d'Verlängerung vum Engagement bekannt.

Dem Sainz säin Teamkolleg Charles Leclerc huet nach e Kontrakt bis 2025. Soumat si béid Cockpite bei Ferrari elo mol laangfristeg besat.

De Grousse Präis vun der Emilia-Romagna gëtt wéi gewinnt op RTL iwwerdroen. Den 1. Fräien Training gesitt der e Freideg vun 13.25 Auer un am Livestream op RTL.lu.