De VW-Chef huet eng éischte Kéier offiziell iwwert d'Formel-1-Pläng vu senge Marke Porsche an Audi geschwat.

D'Eraklammen an d'Formel1 vu Porsche 2026 ass „relativ konkret", bei Audi „nach net", dat sot de Chef vum VW-Konzern Herbert Diess e Méindeg déi éischte Kéier offiziell. An de Formel-1-Kreesser gouf jo scho méi laang doriwwer spekuléiert.

Bei Porsche plangt ee 50 Prozent vun den Undeeler vun der Ecurie Red Bull z'iwwerhuelen. Bei Audi ass een nach op der Sich no engem Partner. Mat McLaren schéngt een éischter net eens ze ginn. Fir de Rescht sinn Aston Martin, d'Ecurie vum Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack, Sauber oder Williams, am Gespréich.