De Max Verstappen huet gutt Kaarte fir de Grousse Präis vu Monaco

De Max Verstappen bei senger Victoire a Spuenien. / © POOL/AFP/Manu Fernandez
Bei de leschte 4 Editioune goufen et ëmmer aner Gewënner beim Grousse Präis vu Monaco. Wie krit e Sonndeg d'Coupe um Podium vum Prënz Albert iwwerreecht?
De Momentum ass zanter dräi Coursen op der Säit vum Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull, deen elo och no Barcelona neie Leader am WM-Klassement virum Monegass Charel Leclerc ass. Dobäi kënnt och nach eng Statistik, déi komplett géint de Ferrari-Pilot bei sengem Heem-Grand-Prix schwätzt.
Bis elo huet de Charles Leclerc, deen zanter véier Joer an der Formel 1 ass, de Schwaarz-Wäiss karéierte Fändel beim Grousse Präis vu Monaco nach ni gesinn. D'lescht Saison ass de 24 Joer ale Monegass zwar op d'Pole gefuer, hat bei der Schwämm säi Ferrari awer an d'Mauer gesat, a konnt deen Dag drop wéinst Problemer mat der Boîte guer net un den Depart goen. Virun 12 Méint war et de Max Verstappen, dee jo och an der Principautéit wunnt, deen sech eng éischte Kéier an de Palmarès vun engem vun deene prestigiéiste Grand Prixe konnt androen. Fir de Lëtzebuerger Mike Krack, Teamchef vun Aston Martin, huet d'Konkurrenzecurie aus Éisträich am Moment de Virdeel vun allen Equippen aus senger Säit.
"Ech denke Red Bull ass besser opgestallt souwuel fuereresch wéi och technesch. Ech kennen e puer Leit bei Red Bull vun deenen ech vill halen. Ech denken datt de Max elo no sengem Titel nach eng Kéier e Schratt no vir gemaach huet."
Virun enger Woch hate bis op Haas all d'Ecurien Upgrade mat op Barcelona bei de Grousse Präis vu Spuenien matbruecht. Bei deem enge bréngt dat heiansdo méi, wei bei deem aneren:
"Mir hunn also fir all Grand Prixe geplangt. Heiansdo sinn se e bësse méi grouss heiansdo méi kleng."
Dës Saison sollten 23 Coursë sinn, am Endeffekt sinn et der nom Out vu Russland just 22. An der lescht war an der Formel 1 jo awer ëmmer nees ze héieren, datt europäesch Traditiounsstrecke fir nei Marchéen eventuell Plaz misste maachen. Dozou de Mike Krack:
"Ech fannen de Mix mécht et. Déi nei Strecken, et soll jo net e Kalenner si wou ëmmer déi nämmlecht Strecken dra sinn. Wann emol e Joer eng Traditiounsstreck muss ewech bleiwen, fannen ech dat net esou schlëmm. D'Ofwiesslung mat Hockenheim an Nürburgring ass jo och gaangen."
Zu Monaco spillt emol net onbedéngt d'Pole Position déi dominant Roll, just 42 Prozent vun de Gewënner vun deenen am ganze 67 Editiounen, déi et bis elo goufen, si vun der éischter Plaz an d'Course gaangen. Méi wichteg ass déi éischt Startrei, ëmmerhi konnten 69 Prozent vun deene Piloten, déi vun den zwou éischte Plaze fortgefuer sinn, d'Coupe als Gewënner vum Prënz Albert, respektiv fréier vu sengem Papp dem Prënz Rainier den Drëtten, entgéinthuelen.
D'Formel 1 kënnt dir dëse Weekend natierlech och nees Live hei op RTL Lëtzebuerg kucken. De fräien Training e Samschdeg gëtt et hei op RTL.lu an op RTL Play ze gesinn. De Qualifying e Samschdeg de Mëtteg um 16 Auer an de Grand Prix mam Virprogramm e Sonndeg vu 14.15 Auer un kënnt dir och Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee suivéieren.