Sergio Perez wënnt am Reechaos vu Monaco
Op Plazen 2 an 3 sinn de Carlos Sainz an de Max Verstappen gefuer. De Charles Leclerc ass um Enn just als 4. iwwer d'Arrivée gefuer.
Et war eng chaotesch Course zu Monaco. Nodeems de Start wéinst dem ville Reen iwwert eng Stonn no hanne geréckelt gouf, war d'Course no engem Crash vum Mick Schumacher och nach ënnerbrach. D'Course ass net no de 77 Ronnen op en Enn gaangen, mee ass no 2 Stonne gestoppt ginn. Profitéiert dovun huet de Sergio Perez, deen virum Carlos Sainz an dem Max Verstappen als éischten iwwert d'Arrivée gefuer ass.
An der Ufanksphas war et op der naasser Streck ganz schwéier ze fueren an direkt an der éischter Ronn si Stroll a Latifi an d'Leitplanke gerutscht an hu missen an d'Boxegaass fueren. Dat ganzt war geschitt, obwuel d'Course hannert dem Safety Car gestart ginn ass.
Nom richtege Start hannert dem Leclerc huet sech an den éischte Positioune näischt geännert. De Pierre Gasly hat mat den Intermediate-Pneue richteg gepokert an huet sech hannen am Feld op Plaz 12 verbessert. E flotten Duell gouf et och tëschent dem Ocon an dem Hamilton ëm Plaz 9, wou sech béid Coureuren souguer beréiert hunn.
Nom éischte Boxestopp ass d'Klassement duerchernee geheit ginn an de Sergio Perez huet d'Féierung virum Sainz an dem Verstappen iwwerholl. D'Strategie vu Ferrari war dobäi net opgaangen. Kuerz drop gouf de roude Fändel gewisen an d'Course ënnerbrach. Dem Mick Schumacher säin Auto war no engem Crash an 2 Stécker gebrach. Den däitsche Coureur ass awer net blesséiert ginn.
Nom Restart ass de Perez weiderhi vir bliwwen, mee d'Pneue sinn ëmmer méi schlecht ginn soudass Sainz, Verstappen a Leclerc an de leschte 5 Minutte un hien erukoumen. E spannende Véierkampf huet sech ugedeit. De Perez hat seng Nerven awer am Grëff an huet kee Feeler méi gemaach. Och hannendru gouf et keng Iwwerhuelmanövere méi, soudass de Perez virum Sainz an dem Verstappen bliwwen ass. De Leclerc, dee nach vun der Pole gestart war, koum um Enn just op déi 4. Plaz.
Am General huet de Leclerc also weider Punkte verluer. De Perez huet als 3. nëmme nach 6 Punkte Retard op de Monegass.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.