Den Dylan Pereira iwwert de besonnesche Flair vu Monaco

© ATP
De Grousse Präis vun Monaco ass ee vun den Héichpunkten an der Formel-1-Saison.
E Sonndeg war jo eng richteg turbulent Course mat um Enn der Victoire vum Mexikaner Sergio Perez op Red Bull. Just virdru war um nämmlechte Circuit den Dylan Pereira am Porsche Supercup ënnerwee a gouf de 4..
A senger eegener Course ass de Dylan Pereira als 4. op d'Streck gaangen an um Enn ass de 24 Joer ale Pilot och op där Plaz iwwert d'Arrivée gefuer:
Ech hu probéiert, am 1. Tour eng Attack ze starten, mä vir déi Pilote sinn all esou professionell, datt se wësse wéi se verdeedege sollen a vun dohier war et ganz schwéier, iergendwéi do nach laanscht ze kommen.
No der éischter Course zu Imola, déi de Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer gewonnen hat, war den Dylan Pereira als Leader vum Porsche Supercup op Monte Carlo gereest. Mat der 4. Plaz an der Course e Sonndeg huet hien déi éischte Positioun an deem Klassement awer missen ofginn:
Mä bon, 6 Punkten hannert dem Leader, nach ëmmer zweete Plaz, et ass eréischt déi zweet Course, mir hunn nach vill Courssen duerno. Ech weess, datt mer kënne schnell sinn, do muss awer ëmmer alles passen, den Niveau ass héich, mä ech hoffen, zu Silverstone d'Leaderpositioun nees zeréckzekréien.
Nom Porsche Supercup krut de Lëtzebuerger Sportzaldot dunn awer och nach eng richteg turbulent Formel-1-Course mat:
Aneschtes wéi bei eis, aneschtes wéi soss, Monaco, meeschtens fiers de hannert engem Zuch. Dës Kéier war Spannung do, Reen ass komm. Et huet scho vill gereent am Ufank, dofir Verständlech, datt se dat no hanne verschiibt hunn. Ferrari am Ufank strategesch net esou gutt. Si hätte warscheinlech éischter missten op Semi-Slics wiesselen. Souguer Red Bull hunn ech fonnt datt se zimmlech spéit gewiesselt hunn. Et ass e bësse Feeler komm, mä dat geschitt, an deem Moment bass de voller Adrenalin, du hues esou vill Gedanken. Ok, si hunn "50.000" Leit do schaffen, wou dat kéinte maachen, mä dat ass dann eben esou, du trëffs do eng Entscheedung a wann dat duerno déi falsch ass, weess de dat dee Moment net, mä herno ass een ëmmer méi clever, mä et ass eng spannend Saison.
Déi nächst Formel-1-Course ass an zwou Wochen zu Baku mam Grousse Präis vum Aserbaidjan. Den Dylan Pereira huet säin nächsten Optrëtt am Porsche Supercup Ufank Juli am Kader vum Grand Prix zu Silverstone an England.