Formel 1
De Sergio Perez och déi nächst zwou Saisonen nach bei Red Bull

© ANDREJ ISAKOVIC/AFP
An der Formel 1 leeft et am Moment richteg gutt fir de Sergio Perez.
Den 32 Joer ale Mexikaner huet net nëmmen e Sonndeg de Grousse Präis vun Monaco gewonnen, ma en Dënschdeg huet seng Ecurie annoncéiert, datt de Perez och nach déi nächst zwou Saisone bei Red Bull fiert.
Den dräifache Grand-Prix-Gewënner war och eréischt virun zwou Wochen eng drëtte Kéier Papp ginn. De Sergio Perez bleift domat op d'mannst bis 2024 un der Säit vum Weltmeeschter Max Verstappen.
D'WM-Wäertung
WM-Klassement
De Kalenner vun der Saison 2022
Am meeschte gelies