Victoire vu Ferrari um Red-Bull-Ring
Bei engem spannenden Duell tëscht Ferrari a Red Bull gewënnt de Charles Leclerc virum Max Verstappen. De Lewis Hamilton klasséiert sech als Drëtten.
De Charles Leclerc feiert mat Ferrari beim Heemspill vu Red Bull a séchert sech seng insgesamt fënneft Victoire a senger Karriär. De Max Verstappen fiert op Plaz zwee, virun den zwee Mercedes-Pilote Lewis Hamilton an George Russell. Duerch e Brand vum Motor beim Carlos Sainz huet Ferrari e bessert Resultat verpasst. Mat der Victoire vum Charles Leclerc realiséiert Ferrari no Silverstone déi zweet konsekutiv Victoire bannent zwou Wochen. Am Generalklassement mécht de Monegass siwe Punkten op de Leader Max Verstappen gutt an ass elo nees Zweeten an der Weltmeeschterschaft.
Nodeems de Max Verstappen e Samschdeg de Sprint fir sech entscheet huet, ass hien um Sonndeg virum Charles Leclerc a Carlos Sainz op Ferrari vun der Pole Position an d'Course gaangen. An der éischter Ronn gouf et en intensiven Zweekampf tëscht dem Perez an dem Russell, duerch deen de Perez am Kräsi gelant ass an d'Feld vun hannen huet mussen oprullen. E puer Ronnen duerno huet de Perez awer opginn.
Un der Spëtzt war et en Duell tëscht Ferrari a Red Bull, woubäi Ferrari de besseren a méi séieren Auto hat. An der 58. Ronn huet de Motor vum Carlos Sainz de Geescht opginn, wéi hie mam Verstappen ëm déi zweet Plaz gekämpft huet. Dësen techneschen Defekt huet Ferrari e bessert Resultat vermasselt. Notznéisser war de Lewis Hamilton, dee sech vun der aachter op déi drëtt Plaz no vir geschafft huet. Den zweete Mercedes-Pilot George Russell steiert säi Gefier op Plaz 4.
Den Esteban Ocon ka bei sengem 100. Grand Prix mat der fënnefter Plaz en exzellent Resultat feieren. De Mick Schumacher confirméiert seng exzellent Performance vu Silverstone a fiert op déi sechst Plaz.
De Max Verstappen verpasst domat d'Konschtstéck vun Imola ze widderhuelen, wou hien am ganze 34 Punkte (Sprint-Victoire, GP-Victoire plus séierste Ronn) gesammelt hat - esouvill Punkte wéi nach kee virdrun op engem eenzege F1-Weekend.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.