Méi wéi 100.000 Leit kucken an der Moyenne eng Formel 1 Course, respektiv en Champions League Match op RTL Zwee oder op RTL Play.

Champions League : héchste Score fir d'Finall zu Paräis

RTL

Champions League Studio RTL: Jeff Kettenmeyer a Paul Philipp

Iwwert 165.000 Leit hunn déi grouss Finall vun der Champions League tëscht dem FC Liverpool a Real Madrid den 28. Mee live op RTL erlieft, duebel sou vill Leit wéi deen Owend am Stade de France souzen. 85% vun hinnen hunn de Match op der Tëlee op RTL Zwee suivéiert, 15% hunn exklusiv vum Livestream vun der spektakulärer Finall op RTL Play profitéiert.

RTL

Finall Champions League

Aus dem Sondage* geet ervir, dass 43% vun alle Awunner iwwert 15 Joer op mannst heiansdo d'Champions League op RTL kucken, dat sinn iwwert 230.000 Leit, 53% si Männer, 57% Lëtzebuerger an 58% sinn ënnert 50 Joer al. Am Ganze goufen an der Saison 2021-2022 30 Matcher mat de Commentairë vu Paul Philipp, Jeff Kettenmeyer an Tim Hensgen live op RTL iwwerdroen. Déi fënnef lescht Matcher vun dëser Saison goufen an der Moyenne vu bal 130.000 Leit op RTL Zwee an RTL Play gekuckt.

Formel 1: Monaco - De Grand-Prix mat de meeschte Spectateuren

RTL

F1 Studio RTL: Serge Pauly a Franky Hippert

No annerhallwem Joer huet d'Formel 1 schonn eng fest Plaz am Programm vun RTL ageholl. Méi wéi 225.000 Leit, 42% vun allen Awunner iwwert 15 Joer, kucken op mannst heiansdo ee Grand-Prix mat Lëtzebuerger Commentairë vu Serge Pauly, Franky Hippert an Tom Hoffmann op RTL Zwee oder op RTL Play. 45% vun alle Spectateure si Fraen, 45% hunn eng auslännesch Nationalitéit an 42% sinn tëscht 15 a 34 Joer al.

RTL

© Copyright F1 / Mario Renzi

An der Moyenne gëtt e Grand-Prix vun 110.000 Spectateure gekuckt, 80% kucken d'Course op RTL Zwee live op der Tëlee, 20% léiwer um Smartphone, Tablet oder Desktop iwwert RTL Play. Mä net eleng d'Course begeeschtert de Public zu Lëtzebuerg. Och déi fräi Trainingen an d'Qualifikatiounen virun der Course zéien am Ganze ronn 65.000 Leit pro Weekend un. Den héchste Score dës Saison gouf bis ewell mam Grand-Prix zu Monaco erreecht. Den Duell tëscht Ferrari a Red Bull um kniwwelege Stadcircuit hate sech um Sonndegnomëtteg 154.000 Leit op RTL Zwee an RTL Play ugekuckt.

*Als Complément zu der Plurimedia Etüd huet d'ILRES am Juni eng Enquête iwwert d'Formel 1 an d’Champions League bei engem representativen Echantillon vu 509 Persounen iwwert 15 Joer gemaach.