George Russell wënnt de Sprint a start vun der éischter Plaz

De Mercedes-Pilot konnt all d‘Konkurrenten hannert sech loossen a geet domat e Sonndeg vun der éischter Plaz an d'Course.
E Samschdeg huet sech zu São Paulo a Brasilien den George Russell d'Victoire am Sprint virum Carlos Sainz an dem Lewis Hamilton geséchert. Duerch eng Strof vu 5 Plaze start de spuenesche Ferrari-Pilot awer nëmme vun der 7. Plaz.
E Freideg konnt sech am Reen de Kevin Magnussen d'Pole fir de Sprint sécheren.
Den Haas-Pilot ass nieft dem Weltmeeschter Max Verstappen un den Depart gaangen a konnt sech ufanks och un der Spëtzt halen. Ronn fir Ronn ass et fir hien dann awer ëmmer méi schwéier ginn, sech virun der staarker Konkurrenz ze halen. Ma och den neie Leader vun der Sprint-Course Verstappen hat net seng Rou. Den George Russell huet de Red-Bull-Pilot ëmmer nees ënner Drock gesat, war deelweis Pneu u Pneu a konnt sech dann an der 15. Ronn un d'Spëtzt setzen.
De Max Verstappen, deen anescht wéi déi aner Piloten op de Medium-Pneuen ënnerwee war, huet sech mat senger Strategie verrechent a konnt domat och de Carlos Sainz an de Lewis Hamilton net hannert sech halen. Um Enn séchert sech den George Russell d'Victoire a start domat zu Interlagos e Sonndeg vun der éischter Plaz viru sengem Teamkolleeg, dat well de Carlos Sainz eng Strof vu 5 Plazen um Grid krut huet. De Kevin Magnussen, dee vun der Pole un den Depart gaange war, huet et um Enn nach op déi 8. Plaz gepackt.
Aus der zweeter Rei starten déi zwee Red-Bull-Pilote Max Verstappen a Sergio Perez.
D'Course e Sonndeg kënnt Dir vun 18.30 Auer un op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu kucken.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.