McLaren huet confirméiert, datt de 46 Joer alen Däitschen Andreas Seidl d‘Ecurie als Teamchef verléisst.

Den Andreas Seidl wiesselt vu McLaren bei Alfa Romeo respektiv Sauber... awer net als Teamchef wéi bei McLaren, mä als CEO vun der Ecurie mat Sëtz zu Hinwil an der Schwäiz.

De Poste vum Teamchef soll en anere kréien.

E Méindeg war et jo och d'Nouvelle, datt de Jost Capito bei Williams fort geet. Hei ass och ze héieren, datt de fréiere Motorsportchef vu VW bei Sauber kéint goen. Bei Sauber klëmmt jo elo déi Däitsch Mark Audi mat eran. Seidl a Capito kommen och Allenzwee aus Däitschland.

Neie Mann bei McLaren amplaz vum Seidl ass den Andrea Stella. Den 51 Joer alen Italiener hat och schonn an de leschte Joren als Renndirekter eng leedend Funktioun bei der Traditiounsecurie.