Kuerz virum Start vun der Saison an nach méi kuerz virun den éischten Tester hu mir mam Lëtzebuerger Teamchef vun Aston Martin geschwat.

An e bësse méi wéi zwou Wochen fänkt déi nei Formel-1-Saison mam Grousse Präis vu Bahrain un. Déi nächst Woch si schonn d'Tester um nämmlechte Circuit. Sou lues awer sécher hunn déi meescht Ecurien hir nei Autoen virgestallt an och Aston Martin huet scho säin AMR23 presentéiert. No enger siwenter Plaz zejoert an der Konstrukteursweltmeeschterschaft wëll déi brittesch Ekipp ronderëm de Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack ëmmer méi no un Podiumsplaze kommen.

F1: De Mike Krack iwwert déi nächst Saison / Franky Hippert

Déi lescht Saison ass de 50 Joer ale Krack eréischt den 1. Mäerz bei Aston Martin dobäi gestouss, do war den AMR22 scho fir den Optakt vun der Saison sou gutt wéi fäerdeg. Dëst Kéier konnt de fréiere Motorsportchef vun BMW säin Apport vill méi mat abréngen. Aston Martin ass amgaangen, eppes Grousses opzebauen. De Proprietär vun der Ecurie, den kanadeschen Geschäftsmann Lawrence Stroll, wëll gär mëttelfristeg ëm d'Victoiren an d'Weltmeeschtertitele matfueren. Wann een eng ronn 700 Mataarbechter ënnert sech huet, eng komplett nei Fabrick gebaut gëtt an en ambitiéise Patron, dann ass den Drock bestëmmt natierlech net kleng.

RTL

© Aston Martin Aramco Cognizant F1 Team

Fir de Mike Krack ass et awer e "positive Stress". Bis ewell huet hien nach keen negativen Drock gespuert a freet sech dowéinst op déi nei Saison an op den AMR23 an dorobber, e "Schratt no Vir" gemaach ze hunn.

An der neier Saison huet de Lance Stroll, Fils vum Patron, de Fernando Alonso als zweete Pilot un senger Säit. Zejoert war dat jo nach de Däitschen Sebastian Vettel. De 41 Joer ale Spuenier, deen 2005 an 2006 mat Renault Weltmeeschterschaft gouf, ass bis elo 356 Grouss Präisser gefuer a geet elo an seng 20. Formel-1-Saison, dat ass absolutte Rekord.

De Routinier huet elo rezent an engem Interview gesot, datt de 24 Joer ale Lance Stroll d'Potenzial huet, och eng Kéier Weltmeeschter ze ginn. Den Alonso ass bekannt fir ze soen, wat hien denkt. Béiss Zongen hu gemengt, hie géif vläicht just Pluspunkte beim Papp Stroll sammelen. Eleng vun der Datenanalyse huet och de Mike Krack beim Lance Stroll vun engem groussen Talent geschafft. An och de Lëtzebuerger ass bekannt dofir, datt hie reng op Fakten e Jugement ofgëtt, an net drop ugewisen ass, iwwert schéi poléiert Aussoe Pluspunkte bei sengem Chef ze kréien.

D'Zil vun Aston Martin ass et sécherlech, dës Saison konstant an de Punkten ze sinn, an ëmmer méi no un de Podium krazen ze goen.

Och dëst Joer iwwerdréit RTL Lëtzebuerg d'Formel 1 live. Dat op der Tëlee op RTL Zwee an och um Internet op rtl.lu an op rtlplay.