De Charles Leclerc start deemno e Samschdeg de Mëtteg vun der éischter Startpositioun fir de Sprint.

Den enke Stroossecircuit war net sou einfach ze fueren. Wéi scho beim Qualifying war och de Shootout begleet vu ville Fändelen, deemno huet och hei méi wéi eemol missen ënnerbrach ginn.

Nach an der leschter Ronn war et nach emol spannend ginn, de Charles Leclerc hat sech e klenge Feeler geleescht an et gouf e weidere giele Fändel. Seng éischt Plaz am SQ3 konnt hien awer bäibehalen, dat virum Sergio Pérez. De Max Verstappen koum als Drëtten duerch d'Arrivée.

Eliminéiert goufen den Nyck de Vries, Pierre Gasly, Yuki Tsunoda, Valtteri Bottas, Guanyo Zhou, Logan Sargeant, deen an der Kéier 15 d'Mauer ze pake krut. Ma och de Kevin Magnussen, Esteban Ocon, Nico Hülkenberg an Oscar Piastri hunn et net gepackt.

Am Q3 hu sech d'Top-10-Piloten ëm déi beschte Positioune fir e Sonndeg gestridden. An hei konnt sech jo de Ferrari-Pilot Charles Leclerc och schonn duerchsetzen virun den zwee Red Bulle vum Max Verstappen a Sergio Pérez.

E Sonndeg gëtt dann déi eigentlech Course mat der Startopstellung vum Freideg gefuer. Virdrun ass et e Samschdeg de Mëtteg nach um Sprint.

FORMULA 1 AZERBAIJAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung