RedBull konnt nees eng Duebelvictoire feieren, virum Fernando Alonso op Aston Martin. De Verstappen baut seng Avance am Klassement nees aus.

Bei der zweeter Editioun vum Miami Grand Prix war d'Dominanz vu RedBull net ze iwwersinn, soudass de Max Verstappen ouni grousse Kampf, awer mat enger staarker Leeschtung, virum Sergio Perez an dem Fernando Alonso gewënnt.

De Weltmeeschter war just vun der néngter Positioun an d'Course gaangen an hat sech no 15 Tier scho bis op déi zweet Plaz no vir geschafft an hat. Nodeems säi Coequipier Sergio Perez säin eenzege Boxestopp ageluecht hat, hat de Verstappen an der 20 Ronn d'Féierung vun der Course iwwerholl. Den Hollänner war op enger Ee-Stopp-Strategie a blouf bis zur 45. Ronn dobaussen a koum dunn hannert sengem Teamkolleeg nees op de Parcours. De Perez sollt sech awer just zwou Ronnen op der éischter Plaz halen an huet de Weltmeeschter du musse laanscht loossen.

De Sergio Perez war vun der Pole Position an d'Course gaangen an huet seng zweet Plaz nom Iwwerhuelmanöver vum Verstappen ouni grousse Problem verdeedegt.

De Fernando Alonso kroopt sech eng véiert Kéier an dëser Saison Plaz 3, virum Mercedes-Pilot George Russell an dem Carlos Sainz op Ferrari. Vum Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton  an dem Charles Leclerc war eng onopfälleg Course. Béid Pilote ware gréisstendeels am Mëttelfeld ënnerwee a koumen net laanscht déi theoreetesch méi lues Autoen. Si klasséiere sech schlussendlech op de Positioune 6 an 7.

D'Plazen 8 an 9 goungen un déi zwee Alpine-Pilote Pierre Gasly an Esteban Ocon. De Kevin Magnusen, deen iwwerraschenderweis vun der véierter Plaz an d'Course goung, gouf wärend de 57 Ronnen bis op déi 10. Plaz duerchgereecht, krut schlussendlech awer nach ee Punkt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2023

Resultat Miami

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023