Wéinst dem ville Reen
Formel-1-Course zu Imola dëse Weekend ofgesot
De ville Reen an och d'Iwwerschwemmungen op an ëm d'Pist zu Imola maachen et onméiglech, fir datt de Weekend Course gefuer ka ginn.
Et ass nach net sécher, ënner wéi engen Ëmstänn de Grand-Prix kann organiséiert ginn, esou d'Organisateuren dëse Mëttwoch. Weider heescht et an engem Schreiwes vun der Formel 1, datt ënnert den aktuell Ëmstänn d'Sécherheet vun de Piloten, Equipagen a Fans net garantéiert wier.
©
Serge Pauly / RTL
©
Serge Pauly / RTL
©
Serge Pauly / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Nieft der Formel 1 selwer sinn och all déi aner Courssen, déi dëse Weekend am Kader vun der Kinneksklass zu Imola sollte gefuer ginn, och annuléiert.
Am meeschte gelies