Verstappen hëlt sech d'Pole am Reen

© AFP
De Reen huet de Qualifying beim GP vu Kanada dominéiert a fir eng Rei Iwwerraschunge gesuergt.
Am Ree vu Montreal huet de Max Verstappen déi séierst Ronn an de kanadesche Makadamm gebrannt. Fir den Hollänner ass et déi 45. Pole Position a senger Karriär.
Den zweefache Weltmeeschter huet sech kloer virum Nico Hülkenberg duerchgesat, deen iwwerraschend virum Fernando Alonso déi zweetséiersten Zäit gefuer ass. Den Däitsche gouf nodréiglech awer ëm dräi Startplazen no hanneversat, well hie bei roudem Fändel ze séier ënnerwee war. Doduerch start den Alonso vun der zweeter Plaz.
Aus der zweeter Rei ginn déi zwee Mercedes-Pilote Lewis Hamilton an George Russell e Sonndeg an d'Course.
Opgrond vum staarke Reen am Q3 gouf d'Fuererfeld duerchernee gerëselt. Och am zweeten Duerchgang hat de Ree scho fir Iwwerraschunge gesuergt, andeem eng Rei bekannt Gesiichter, dorënner de Sergio Perez, de Charles Leclerc an de Lance Stroll, d'Qualifikatioun fir de Q3 verpasst haten.
D'Course e Sonndeg kënnt Dir vun 20 Auer un op RTL ZWEE, am Livestream op RTL.lu oder op RTL Play suivéieren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.