Et war déi 6. Victoire fir de Max Verstappen an dëser Saison. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Fernando Alonso an de Lewis Hamilton gefuer.

Dem Max Verstappen ass déi nächst Start-Zil-Victoire gelongen. Hien huet sech vun Ufank un ofgesat a sech och vun engem Safety Car net beaflosse gelooss. De Fernando Alonso ass op déi zweet Plaz gefuer a konnt sech virum Lewis Hamilton behaapten. Fir Ferrari gouf et eng erfreelech Course. No engem duerchwuessene Qualifying sinn de Charles Leclerc an de Carlos Sainz op d'Plaze 4 a 5 gefuer.

Nom Start konnt de Verstappen seng Positioun verdeedegen. Hannendrun hat den Alonso awer Problemer an huet den Hamilton misse laanschtloossen. De Russell ass op der 4. Plaz bliwwen.

De Britt huet an der 12. Ronn d'Mauer touchéiert an de Safety Car ass erauskomm. Hie konnt an enger éischter Phas weiderfueren. Doropshin ass d'Klassement hannert den éischten 3 Plazen duercherneegerëselt ginn. D'Ferrari-Pilote Leclerc a Sainz waren op eemol op de Plaze 4 a 5. De Perez louch op der 6. Plaz. Hien hat sech vun der 12. Plaz no vir geschafft.

An der Suite huet an de viischte Positioune just den Alonso den Hamilton iwwerholl. De Russell huet no sengem Accrochage den Auto missen ofstellen a krut a Kanada keng Punkten. Spannend war et op de Plaze 7 an 8, wou den Albon sech virum Ocon behaapt huet.

Fir de Verstappen war et den 41. Succès a fir Red Bull den 100. Erfolleg an der Formel 1.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 PIRELLI GRAND PRIX DU CANADA 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023