Beim FORMULA 1 ROLEX GROSSER PREIS VON ÖSTERREICH 2023 gëtt nieft der normaler Course um Sonndeg och nees e Sprint um Samschdeg gefuer.

Um Freideg stoung dann awer de Qualifying fir d'Course um Sonndeg um Programm.

Q1
Um 17 Auer ass et lassgaangen, mat et huet just puer Minutte gedauert, bis de Quali mat engem roude Fändel ënnerbrach war, nodeems de Bottas säin Alfa Romeo op der Streck gedréint hat an en net méi ukritt hat.

6 Minutten drop, ass et awer nees weidergaangen. Déi séiersten Zäit war de Max Verstappen gefuer am Q1, viru Sergio Perez a Carlo Sainz. Eliminéiert goufen de Yuki Tsunoda (AlphaTauri), de Guanyu Zhou (Alfa Romeo), de Logan Sargeant (Williams), de Kevin Magnussen (Haas) an den Nyck de Vries (AlphaTauri).

Q2
Am zweeten Deel vum Qualifying blouf et extrem spannend bis zum Schluss, well e sëllege Piloten hir Beschtzäite gestrach hunn, well se sech net un d'Tracklimits gehalen hunn. Esou huet et z.B. de Sergio Perez erwëscht, well en an der leschter Kéier mat alle 4 Pneue baussent der wäisser Linn vun der Streckebegrenzung war. Och den George Russell huet dat selwecht Schicksal erlieft. Nieft dësen zwou Eliminatioune waren et och den Esteban Ocon, den Oscar Piastri an de Valterri Bottas, déi et net bis an de Q3 gepackt hunn.

Q3
Am decisiven drëtten Deel vum Qualifying war et nees den Hollänner Max Verstappen, deen d'Ronn am beschte gemeeschtert huet. Hien ass a sengem leschten Tour eng Zäit vun 1min04.391 gefuer. Knapps hannendru kënnt de Ferrari-Pilot Charles Leclerc mat 1min04.4. Den zweete Ferrari-Pilot kënnt op Plaz 3, dat a Persoun vum Carlos Sainz.
Et ass dem Verstappen seng 4. Pole-Position hannerteneen.

Resultat vum Qualifying

De Programm op RTL

De Samschdeg steet ganz am Zeeche vum Sprint, mam Shootout-Quali Punkt Mëtteg an dem 100-Kilometer-Sprint am spéiden Nomëtteg.

Shootout, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play

Samschdeg, 1. Juli 2023:
Ufank vun der Emissioun: 11h55
Start vum Shootout: 12h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h55
Commentaire: Tom Hoffmann a Franky Hippert

Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play

Samschdeg, 1. Juli 2023:
Ufank vun der Emissioun: 16h15
Depart vum Sprint: 16h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h15
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Sonndeg, 2. Juli 2023:
Ufank vun der Emissioun: 14h15
Depart vun der Course: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h00
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert