Max Verstappen dominéiert och de Shootout

© AFP
Beim FORMULA 1 ROLEX GROSSER PREIS VON ÖSTERREICH 2023 gëtt nieft der normaler Course um Sonndeg och nees e Sprint um Samschdeg gefuer.
Um Samschdeg stoung dann awer fir d'éischt de Shootout fir d e Sprint am Nomëtteg um Programm.
Am SQ1 war de Circuit nach liicht fiicht an eréischt géint der Enn vun der Session ass et méi dréche ginn an deemno ass de Circuit ëmmer méi séier ginn. Deemno konnte sech um Enn nach vill Pilote verbesseren an et war ebe wichteg, de richtegen Timing ze fannen, fir seng séier Ronn ze fueren. Dëst war awer ënnert anerem dem Lewis Hamilton net gelongen, esou datt hie schonns am SQ1 eliminéiert gouf.
Bei sengem Teamkomerod George Russell war iwwerdeems am SQ2 Schluss, dat wéinst Problemer mat der Hydraulik. Deemno koum hie just op déi 15. Plaz. D'Team Haas hat iwwerdeems all Grond, sech ze freeën, well esouwuel den Hülkenberg wéi och de Magnussen konnte sech allebéid fir den SQ3 qualifizéieren.
Am SQ3 huet de Max Verstappen du komplett dominéiert. Mat enger hallwer Sekonn Avance séchert hie sech déi éischt Plaz virum Sergio Perez an dem Lando Norris.
Resultat vum Shootout
De Programm op RTL
Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Samschdeg, 1. Juli 2023:
Ufank vun der Emissioun: 16h15
Depart vum Sprint: 16h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h15
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Sonndeg, 2. Juli 2023:
Ufank vun der Emissioun: 14h15
Depart vun der Course: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h00
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert