Dominique Riefstahl: Lëtzebuerger Ingenieur verléisst d'Formel 1

Zënter 2011 huet den Dominique Riefstahl ouni Ënnerbriechung an der F1 geschafft. Spa-Francorchamps wäert seng leschten F1-Course sinn.
Déi lescht Jore war den Dominique Riefstahl beim Mercedes-AMG Petronas F1 Team zoustänneg fir de sougenannte "Race Support Room". An der Mercedes-Fabrick am englesche Brackley huet hien d'Ingenieuren op der Pist mat detailléierten Analysen a Strategie-Recommandatioune gefiddert. Seng lescht F1-Course wäert awer Enn Juli de Grousse Präis vun der Belsch sinn. Duerno verléisst den Dominique Riefstahl net nëmmen den aachtfache Konstrukteurs-Weltmeeschter, mee déi ganz Formel 1. Aus familiäre Grënn zitt et hien zeréck op Lëtzebuerg.
Den Dominique Riefstahl huet no sengem Studium an England beim F1-Projet vu BMW matgeschafft. Nodeems BMW sech aus der F1 zeréckgezunn huet, huet hien 2011 de Wee bei Pirelli fonnt, wou hie Verbindungsingenieur mam Mercedes-Team war. D'Joer drop ass hie bei Mercedes selwer gewiesselt. Wärend där Zäit huet hien och ganz enk mam Michael Schumacher zesummegeschafft. Och wann hien déi lescht Jore virun allem an der Zentral an England war, gouf hien och ëmmer erëm als Ingenieur um Circuit agesat. Highlight war sécher, wéi hien 2020 zu Sotchi als Renningenieur agesprongen ass. Säi Pilot Valtteri Bottas huet de Grousse Präis vu Russland gewonnen an den Dominique Riefstahl huet esou däerfe mat op de Podium klammen.

© AFP