Esou fréi wéi nach ni presentéiert d’F1 hire Kalenner fir déi nei Saison. Och wann d’Coursse bal déi selwecht wéi 2023 sinn, ginn et soss vill Ännerungen.

D’Formel 1 brécht d’nächst Joer mat enger Traditioun. Déi zwee éischt Grand-Prixen, dee vum Bahrain (2. Mäerz) an dee vu Saudiarabien (9. Mäerz), ginn nämlech op engem Samschdeg gefuer. Dat huet domadder ze dinn, dass d’F1 Récksiicht op de Ramadan wëllt huelen, deen d’nächst Joer sonndes, den 10. Mäerz ufänkt.

Duerno heescht et dann zweemol hannertenee fréi opstoen. Déi drëtte Statioun am Kalenner ass wéi schonn dëst Joer Australien (24. Mäerz), iert et vun do aus direkt a Japan (7. Abrëll) geet. D’Formel 1 huet d’Course vu Suzuka vum Hierscht an d’Fréijoer geluecht, fir Australien, Japan a China matenee ze kombinéieren an esou d’Reeskäschten an den CO2-Ofdrock ze reduzéieren. De Grousse Präis vu China (21. Abrëll) soll 2024 no dräi Joer Corona-Paus säi Comeback feieren.

Duerno geet et fir eng Course an Nordamerika (Miami de 5. Mee), iert dann zwou Europa-Coursse programméiert sinn: De Grousse Präis vun der Emilia-Romagna (19. Mee) an de Grousse Präis vu Monaco (26. Mee). Dass dann erëm en Nordamerika-Trip um Programm steet (Kanada den 9. Juni) weist, dass et am F1-Reeskalenner nach Plaz fir Optiméierunge ginn. No Montreal kënnt en europäeschen Tripleheader: Spuenien (23. Juni), Éisträich (30. Juni) a Groussbritannien (7. Juli).

Ungarn (21. Juli) an d’Belsch (28. Juli) kloturéieren dann déi éischt Hallschent vun der Saison. Dass d’Course zu Spa-Francorchamps erëm am Kalenner steet, ass eng kleng Iwwerraschung. De Circuit virun der Lëtzebuerger Hausdier hat nëmmen nach e Kontrakt bis 2023 a sollt eigentlech duerch eng Course a Südafrika ersat ginn. Aus deene Pläng schéngt näischt ginn ze sinn, well Kyalami steet 2024 nach net um Programm.

No der Summerpaus stinn dann erëm zwou europäesch Courssen am Kalenner: Holland (25. August) an Italien (1. September). Well Japan elo am Fréijoer gefuer gëtt, gouf d’Course am Aserbaidjan am Géigenzuch an den Hierscht (15. September) verluecht. Vu Baku geet et dann direkt weider op Singapur (22. September).

No enger Paus vu véier Woche geet et dann um amerikanesche Kontinent Schlag op Schlag: USA (20. Oktober), Mexiko-City (27. Oktober) a Sao Paulo (3. November) ginn ouni Ënnerbriechung gefuer. No dësem Tripleheader kann d’Formel 1 sech da fir zwou Wochen erblosen, iert et op Las Vegas geet (23. November, also samschdesowes Lokalzäit a sonndesmoies bei eis).

Fir d’Finall vun der F1-Saison geet et dann erëm op déi arabesch Hallefinsel. Mam Katar (1. Dezember) a mat Abu Dhabi (8. Dezember) wäerten déi zwou lescht Courssen eréischt am Dezember gefuer ginn.

RTL