McLaren-Piloten op Plazen 2 an der 3 iwwerrasche bei weiderer Pole vu Verstappen

© AFP
Bei der Qualifikatioun vum GP vu Groussbritannien léisst den Hollänner Max Verstappen senger Konkurrenz nees keng Chance a séchert sech d'Pole Position.
Zu Silverstone huet de Max Verstappen déi séierst Ronn an de brittesche Makadamm gebrannt. Op de Plazen 2 an 3 sti ganz iwwerraschend déi zwee McLaren-Piloten. Hei wäert e Sonndeg de Lando Norris op Startplaz 2 an d'Course goen, wougéint den Oscar Piastri op der drëtter Plaz starte wäert.
D'Plaze 4 a 5 ginn un d'Ferrari-Pilote Leclerc a Sainz an d'Plaze 6 a 7 un d'Mercedes-Ecurie, woubäi de Russell awer virum Hamilton starten dierf.
De Replay vum Qualifying fannt Dir um RTL Play.
Schonn am Q1 ass et mat der Eliminatioun vum Sergio Perez zu enger grousser Iwwerraschung komm. Allerdéngs war den Ufank vum éischte Qualifying vun der Diskussioun gepräägt, ob een elo op Slicks un den Depart sollt goen oder ob een awer léiwer mat Intermediates op d'Pist goe sollt. Virun allem am Ufank war d'Pist nach relativ naass. Dëst huet och den Hamilton ze spiere krut, deen den Auto eng Kéier ganz kuerz verluer hat. Dräi Minutte virum Enn vum Q1 huet de Kevin Magnussen den Auto misse wéinst engem technesche Feeler op der Streck ofstellen. Dobäi stoung den Auto esou schlecht, datt d'Qualifikatioun huet missen ënnerbrach ginn. Nom Restart ass d'Pist ëmmer méi dréche ginn, wat dem Perez, deen als éischten nom Restart op d'Pist gefuer ass, zum Verhängnes ginn ass. D'Coureuren, déi no him nees zréck op d'Pist gefuer sinn, konnten alleguer eng méi séier Zäit fueren, soudatt de Mexikaner um Enn vum Q1 als 16. eliminéiert gouf.
D'Course e Sonndeg kënnt Dir vu 16 Auer un op RTL ZWEE, am Livestream op RTL.lu oder op RTL Play suivéieren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.