Nieft dem Hollänner ass och de McLaren-Pilot Lando Norris eng gutt Course gefuer. Hie gouf virum Lewis Hamilton den Zweeten.

Fir de Max Verstappen ass et mëttlerweil de sechste Succès hannerteneen. Obwuel de Red Bull-Pilot kee gudde Start hat, konnt hie sech um Enn däitlech duerchsetzen. Déi grouss Iwwerraschung gouf et awer hannendrun. De Lando Norris ass op déi 2. Plaz gefuer a stoung fir d'éischt an dëser Saison um Podium. Dee gouf vum Lewis Hamilton op Mercedes komplettéiert. Den Oscar Pisatri um 2. McLaren an den George Russell sinn op d'Plaze 4 a 5 gefuer. Am General huet de Verstappen seng komfortabel Avance weider ausgebaut.

De Lando Norris hat de beschte Start an huet de Max Verstappen direkt iwwerholl. Hannendru konnt den Oscar Piastri déi 3. Plaz verdeedegen. De Fernando Alonso am Aston Martin huet sech vun der 9. op déi 7. Plaz verbessert, wärend de Lewis Hamilton op déi 8. Plaz zréckgefall ass.

5 Ronne konnt sech de Norris virum Verstappen behaapten, éier den Hollänner d'Féierung nees iwwerholl huet. An der Suite ass de Virsprong vum Verstappen op d'Verfolger lues awer sécher gewuess. Hannert de Mclaren-Pilote gouf et en Duell ëm déi 4. Plaz tëschent dem Charles Leclerc (Ferrari) an dem George Russell (Mercedes).

Ronn 20 Ronne viru Schluss huet eng Safety-Car-Phas d'Klassement duerchernee gerëselt. De Verstappen louch weiderhi virum Norris. Hannendru konnt sech den Hamilton op déi 3. Plaz verbesseren. Nom Restart huet den Hamilton alles probéiert, fir eng Plaz no vir ze kommen, huet et awer net gepackt.

Red Bull huet op en Neits alles richteg gemaach an de Max Verstappen konnt déi nächst Victoire feieren. Fir Ferrari war et nees eng Course fir ze vergiessen. De Leclerc gouf just de 9. an de Carlos Sainz koum op der 10. Plaz esou just nach an d'Punkten.

Hei fannt Dir de Replay vun der Course.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ARAMCO BRITISH GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023