D’F1-Karriär vum Hollänner Nyck de Vries ass no nëmmen 11 Courssen eriwwer. Den Australier Daniel Ricciardo feiert säi F1-Comeback.

Wierklech iwwerraschend kënnt de Wiessel am Alpha-Tauri-Cockpit net, mee elo goung et dann awer méi séier wéi erwaart. Scho bei der nächster Course an Ungarn wäert den Daniel Ricciardo am Alpha Tauri sëtzen. Den Australier ass eigentlech Ersatzpilot bei Red Bull Racing, mee gëtt elo un d’Schwësterteam vun Alpha Tauri bis Enn vun der Saison ausgeléint. 2021 an 2022 war den Daniel Ricciardo nach fir McLaren ënnerwee, mee gouf do zu Gonschte vu sengem Landsmann Oscar Piastri aussortéiert. Well hie keng besser Alternativ hat, huet hien d’Roll vum drëtte Pilot bei Red Bull akzeptéiert. Seng Paus huet also nëmmen eng hallef Saison gedauert. Hie wiesselt als Routinier bei déi Ecurie, déi eigentlech als Junior-Team vu Red Bull gëllt. Den Daniel Ricciardo ass zënter 2011 an der F1 ënnerwee a konnt schonn 8 Coursse gewannen (siwe mat Red Bull an eng mat McLaren).

RTL

Den Nyck de Vries viru senger leschter Course mat Alpha Tauri / © Red Bull Content Pool

Déi lescht Woche stoung den Nyck de Vries scho fatzeg an der Kritik. D’Direktioun vu Red Bull war mat senge Performancen bei der Scuderia Alpha Tauri net zefridden. Säi beschte Resultat dës Saison war eng 12. Plaz beim Grousse Präis vu Monte Carlo. Den Nyck de Vries ass nieft dem Williams-Rookie Logan Sargeant den eenzege Pilot mat null Punkten an der F1-Weltmeeschterschaft 2023. Sécher zielt den Alpha Tauri net zu de séiersten Autoen dës Saison, mee den Hollänner konnt och den Tempo vu sengem Teamkolleg Yuki Tsunoda net matgoen. Am teaminterne Verglach läit den Nyck de Vries esouwuel am Quali- wéi och am Course-Duell 8:2 hannen. Red Bull hat sech do sécher méi erwaart, ëmmerhi gouf den Nyck de Vries bei Mercedes ausgebilt, gouf 2021 Formel-E-Weltmeeschter a konnt d’lescht Joer als Williams-Ersatzpilot bei senger éischter F1-Course direkt an d’Punkte fueren. Elo ass seng F1-Karriär no nëmmen 11 Courssen eriwwer.