De Rekordweltmeeschter kroopt sech seng néngt Pole Position um Hungaroring. De Max Verstappen start vu Positioun 2.

Et hat sech am Training ugedeit, an awer ass et eng Iwwerraschung. De Lewis Hamilton steet no laangem Waarden nees op der éischter Plaz, fir an eng Course ze goen. Am leschten Tour konnt de Britt de Max Verstappen nach op d'Plaz 2 verdrängen.

McLaren konnt säin Exploit vu Silverstone och an Ungarn confirméieren. De Lando Norris an den Oscar Piastri stinn an der zweeter Startrei.

D'Ecurie AlfaRomeo huet eng staark Performance gewisen a béid Pilote koume bis an den drëtten Tour vum Qualifying. De Chinees Zhou Guanyu klasséiert sech als Fënneften an de Valteri Bottas gouf schlussendlech Siwenten. Dotëscht steet de Ferrari-Pilot Charles Leclerc. De Carlos Sainz hat et als 11. esou just net an de Q3 gepackt.

De Sergio Perez huet sech no fënnef konsekutiven Echecken bei de leschte Courssen, fir an den drëtten Tour ze kommen, mat der 9. Plaz mussen zefridde ginn. Déi 10. Plaz ass fir den Nico Hülkenberg op Haas.

Den zweete Mercedes-Pilot, den George Russell, gouf schonn am éischten Tour vum Qualifying eliminéiert a geet just vun der Positioun 18 an d'Course.

An der Course e Sonndeg ka Red Bull sech an d'Geschichtsbicher vun der Formel 1 androen. Wann de Max Verstappen oder de Sergio Perez ganz uewen um Träppche stoe sollten, wär et déi 12. Victoire hannertenee fir d'Ecurie mam Stéier - eng Serie, déi nach keng Ekipp an de leschten 52 Joer realiséiere konnt.

D'Course um Hungaroring start um 15 Auer an den Ufank vun der Emissioun op RTL ass um 14.15 Auer. Dir kënnt de Grand Prix vun Ungarn, wéi gewinnt, op RTL ZWEE, op RTL.lu an op RTL Play suivéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS HUNGARIAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023