Max Verstappen wënnt och zu Budapest

© AFP
Kuerz nom Depart konnt sech den Hollänner laanscht de Lewis Hamilton un d'Spëtzt setzen a seng Féierung iwwer 70 Ronnen ouni Problemer verdeedegen.
E Sonndeg stoung an der Formel 1 de Grousse Präis vun Ungarn um Programm. Fir de Max Verstappen gouf et hei déi 10. Victoire an der 12. Course vun der Saison. Hannendrun hunn de Lando Norris an de Sergio Perez de Podium komplettéiert.
E fir des Saison ongewinnt Bild huet een zu Budapest op der Grille de Depart ze gesi krut. Net de Max Verstappen, ma de Lewis Hamilton stoung hei op der Pole Position. De siwefache Weltmeeschter ass allerdéngs alles anescht wéi gutt vun der Plaz komm a stoung no den éischte puer Kéieren nëmmen nach op der véierter Plaz. Déi zwee McLaren konnte sech laanscht de Mercedes setzen a sech domat hannert de Max Verstappen areien.
Hannen am Feld koum et beim Depart iwwerdeems zu enger onglécklecher Kollisioun, no där d'Course fir béid Alpine-Piloten Esteban Ocon a Pierre Gasly schonn no enger Ronn eriwwer war. De Guanyu Zhou war dem Daniel Ricciardo no engem mëssgléckte Start hannendrop gefuer, deen dann ongewollt béid Fransousen openee gedréckt huet.
Wärend de Max Verstappen am Red Bull wéi gewinnt säi Virsprong un der Spëtzt ausgebaut huet, gouf sech hannendrun ëm eng Plaz um Podium gestridden. De Lewis Hamilton wollt sech an de leschte puer Ronnen nach eemol laanscht de Sergio Perez op déi drëtt Plaz setzen, ma de Mexikaner konnt seng Positioun verdeedegen a sech seng Podiumsplaz zesumme mam Lando Norris op der zweeter Plaz sécheren. Fir de Max Verstappen ass de Succès zu Budapest déi 10. Victoire vun der Saison, mat där hie säi Virsprong am WM-Klassement weider ausbaut. Red Bull feiert zäitgläich déi 12. Victoire hannerteneen. Dat ass neie Rekord fir eng Ecurie an der Formel 1.
Kuckt d'Course nach eemol am Replay.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.