D’F1 mécht Statioun virun der Lëtzebuerger Hausdier. Um Donneschdeg huet sech Spa-Francorchamps awer vu senger ganz naasser Säit gewisen.

Donneschdes ass den traditionelle Mediendag, wou d’Piloten de virwëtzege Journaliste Ried an Äntwert stinn, a wou d'Autoen nach an der Garage bleiwen. Mä op d'mannst wat d'Meteo ugeet, gouf et op dësem Dag schonn e klenge Virgeschmaach. Den RTL-Reporter Tom Hoffmann, dee fir eis live op der Plaz ass, fäert, dass dëse Weekend virun allem déi zwou Ree-Pneu-Mëschungen an den Asaz wäerte kommen, an dass d’Slicks riskéieren, am Schapp ze bleiwen.

Eng kleng Hoffnung op Sonn gëtt et héchstens fir de Grand Prix e Sonndeg. Mä de ganze Weekend am Reen fueren, an den dréchene Circuit eréischt an der Course entdecken, dat ass keng einfach Aufgab. Virun allem net op engem Sprint-Weekend, wéi de McLaren-Pilot Oscar Piastri explizéiert: "Mir hu vun e Freidegnomëtteg u Parc-Fermé, däerfen den Auto also net méi verstellen. Wann een do e schlechte Setup huet, den Auto ze héich oder ze niddereg agestallt ass, kann een an der Course Problemer kréien, net nëmme mat der Balance."

Virun engem Mount ass zu Spa den hollänneschen Nowuespilot Dilano van’t Hoff déidlech verongléckt. Zënterhier gëtt och an der Formel 1 erëm iwwert d'Sécherheet vun der Kéierekombinatioun EauRouge-Raidillon diskutéiert. Besonnesch am Reen hu vill Piloten hei kee gutt Gefill. Bedenken, déi d’Vanessa Maes, Direktesch vum Organisateur Spa Grand Prix, net novollzéie kann: "Deen Accident op deen Dir uspillt, ass weder an der Eau Rouge nach um Raidillon geschitt, mä op der Ligne Droite hannendrun. Dofir ass de Raidillon och net a Fro gestallt. Den Accident war natierlech schlëmm, virun allem fir déi betraffe Famill ass et ganz dramatesch, mee mir solle wannechgelift mam Raidillon-Bashing ophalen. Et ass déi schéinste Kéier vun der Welt, an dat huet e Grond."

Déi lescht Joer war Spa-Francorchamps déi éischte Course no der Summerpaus. Nodeems de Kalenner fir dës Saison e bëssen adaptéiert gouf, ass d’Ardennen-Achterbunn elo déi leschte Statioun, iert d’Formel 1 an de Kollektivcongé geet. Den neien Datum hat awer keng Auswierkungen op d’Kuliss. De Spa-Grand-Prix affichéiert och dëst Joer erëm "complèt". Et ass och déi éischte Kéier, dass an der Belsch e Sprint-Weekend organiséiert gëtt. Well d’Qualifikatioun dowéinst schonn en Dag éischter gefuer gëtt, erwaarde sech d'Organisateure virun allem um Freideg méi Zuschauer op den Tribüne wéi soss. Zefridden ass Spa Grand Prix och, dass de belsche Grand Prix scho sécher am Kalenner 2024 steet. Eisen RTL-Reporter Tom Hoffmann wollt natierlech wëssen, wéi et doriwwer eraus ëm d’Zukunft vun der F1 zu Spa bestallt ass. Op déi Fro wollt oder konnt d’Direktesch Vanessa Maes awer net äntweren.

RTL Lëtzebuerg weist déi éischte Kéier e Fräien Training vun der F1 net nëmmen am Stream op RTL PLAY, mä och op RTL ZWEE. Hei ass de ganze Programm vun eisen Iwwerdroungen:

RTL

D'Course e Sonndeg gëtt um 15 Auer gestart. Virdru si mer awer wéi gewinnt scho mat eisem Virprogramm fir Iech um Rendez-vous.