De Max Verstappen ass déi séiersten Zäit gefuer, ma de Weltmeeschter gëtt 5 Plazen no hanne strofversat.

Nodeems et e Freideg an der Mëttegstonn nach am Fräien Training zu Spa-Francorchamps zimmlech naass war, ass d'Wieder am Qualifying du besser ginn, et ass kee weidere Reen méi vum Himmel komm an d'Streck ass lues awer sécher ofgedréchent.

Déi beschte Leeschtung huet wéi esou dacks an dëser Saison de Max Verstappen gewisen. Den Hollänner wäert e Sonndeg beim Grand Prix awer net vun der Pole Position an d'Course goen. Hie muss 5 Plazen no hannen, well de d'Boîte bei sengem Red Bull gewiesselt gouf. Beim Grousse Präis vun der Belsch starten e Sonndeg de Charles Leclerc op Ferrari an de Sergio Perez um zweete Red Bull. Aus der zweeter Rei fueren de Lewis Hamilton op Mercedes an de Carlos Sainz um zweete Ferrari.

Am Q2 war Feierowend fir den Esteban Ocon (Alpine), de Pierre Gasly (Alpine), de Valterri Bottas (Alfa Romeo), de Kevin Magnussen (Haas) an de Yuki Tsunoda (AlphaTauri). Den aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen huet sech mat sengem Red Bull schwéier gedoen. Den Hollänner, deen dës Saison 9 vun 11 Coursse gewonnen huet, ass als 10. am Q2 esou just an de Q3 gerutscht.

Am Q1 sinn den Daniel Ricciardo (AlphaTauri), den Nico Hülkenberg (Haas), de Logan Sargeant (Williams), de Zhou Guanyu (Alfa Romeo) an den Alexander Albon (Williams) eliminéiert ginn.

Kuerz virum Qualifying koum d'Nouvelle, datt den Otmar Szafnauer no annerhallwem Joer als Teamchef vun Alpine ersat gëtt. Neie staarke Mann gëtt elo de Bruno Famin bei der franséisch-englescher Ecurie. Bei Ferrari huet de Racing Direkter Laurent Mekies elo bis den 1. Januar fräi, éiert hien als neien Teamchef vun Alpha Tauri ufänkt.

E Samschdeg geet et da weider zu Spa-Francorchamps. An der Mëttegstonn ass de Shootout. Hei gëtt d'Startopstellung fir de Sprint definéiert. Gefuer ginn dräi K.o.-Ronnen. Déi éischt Phas dauert 12 Minutten, déi zweet zéng Minutten an déi drëtt aacht Minutten. E Samschdeg am Nomëtteg gëtt dann de Sprint gefuer, hei geet et ëm déi éischt Victoire vum Weekend, an dann e Sonndeg ass de Grousse Präis vun der Belsch.

Dat Ganzt kënnt Dir wéi gewinnt um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES BELGIAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023