Doublé fir Red Bull zu Spa-Francorchamps
De Max Vertappen huet sech virum Sergio Perez duerchgesat, obwuel hie just vun der 6. Plaz gestart war. Déi 3. Plaz goung un de Charles Leclerc op Ferrari.
No senger Victoire am Sprint huet de Max Verstappen och de Grousse Präis vun der Belsch fir sech entscheet an ass och déi séierst Ronn gefuer. Duerch eng Strof am Qualifying war den Hollänner just vun der 6. Plaz an d'Course gaangen. No 17 Tier huet hien d'Spëtzt iwwerholl a gouf bis zum Schluss net méi agefaangen. Et war déi 10. Victoire an der 12. Course an dëser Saison. Op d'Plazen 2 an 3 koumen den zweete Red-Bull-Pilot Sergio Perez an de Ferrari-Pilot Charles Leclerc. Am General bleift de Verstappen och souverän op der 1. Plaz.
De Charles Leclerc war nom Start virum Sergio Perez bliwwen, nach an der éischter Ronn ass de Mexikaner awer laanscht de Leclerc gefuer. De Lewis Hamilton ass op der 3. Plaz bliwwen. Den Oscar Piastri a de Carlos Sainz hu sech an der éischter Kéier beréiert. Den Australier konnt duerno net méi weiderfueren. De Max Verstappen louch du schonns op der 4. Plaz. De Fernando Alonso huet sech an den éischte 5 Ronne vun der 9. op déi 5. Plaz no vir geschafft.
An der Suite huet de Verstappen Plaz fir Plaz gutt gemaach a konnt an der 17. Ronn d'Féierung iwwerhuelen. Trotz enger Reeschauer an der Mëtt vun der Course ass den Hollänner un der Spëtzt bliwwen. Hannendrun hu sech de Perez, de Leclerc, den Hamilton an den Alonso op de Plazen 2 bis 5 behaapt. Op den hënneschte Plaze gouf et wärend der ganzer Course eng Rei Iwwerhuelmanöveren, déi d'Course spannend gemaach hunn. Eng gutt Course ass och de Yuki Tsunoda op Alpha Tauri gefuer, deen op der 10. Plaz nach an d'Punkte gefuer ass.
Kuckt de Replay vun der Course op RTL Play
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.