Haas verlängert mat Magnussen an Hülkenberg

© RTL Archiv
Et war roueg an der Summerpaus vun der Formel 1. D'Silly Season, also déi verréckte Saison, wéi se jo genannt gëtt, ass nach net lancéiert.
Dat ass do, wou d'Pilotekontrakter verhandelt ginn, respektiv Transferten annoncéiert ginn. Bis ewell ass et roueg bliwwen an et ass net ze erwaarden, dass sech dëst Joer vill um Marché wäert doen. Vill Piloten hunn iwwer 2023 eraus bei hiren Ecurien ënnerschriwwen. Awer net all...
En Donneschdeg zum Beispill huet Haas annoncéiert, dass déi amerikanesch Ecurie mat deene selwechte Piloten, also dem Kevin Magnussen an dem Nico Hülkenberg, an d'Saison 2024 wäert starten, wou 24 Courssen um Programm stinn.
Domat geet de Magnussen a seng drëtt Saison hannertenee bei Haas, wou hien och scho vun 2017 bis 2020 aktiv war. Fir den Hülkenberg ass et déi zweet Saison bei der amerikanescher Ecurie.
Dëse Weekend steet jo de Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort um Programm. Vläicht komme jo do e puer Nouvellen op d'Tapéit. Wéi zum Beispill d'Verlängerung vu Mercedes mam Lewis Hamilton, wou schonn driwwer spekuléiert gëtt, dass d'Verlängerung beim Verstappen-Heemspill soll annoncéiert ginn. Bei eise Kolleege vun der Tëlee kënnt Dir wéi gewinnt live mat dobäi sinn.