Ricciardo blesséiert, Lawson feiert säin Debut

© AFP
Den Helmut Marko huet e Freideg den Owend bestätegt, dass den Daniel Ricciardo fir de Recht vum Weekend bei Alpha Tauri ausfält.
Den Australier huet sech bei engem Accident am zweete Fräien Training d'Hand gebrach. Fir de Ricciardo wäert elo den Neiséilänner Liam Lawson asprangen. Et ass eng Premiere fir den 21 Joer jonke Red-Bull-Junior, dee souwuel Ersatzpilot bei Red Bull, grad ewéi bei Alpha Tauri ass. Dës Saison geet hien an der Super Formula un den Depart, wou hien aktuell op der zweeter Plaz an der Meeschterschaft läit.

© AFP
Zejoert ass de Lawson den Drëtten an der Formel 2 ginn, an dat Joer virdru Vizechampion an der DTM.
Hien huet e Samschdeg nach e Fräien Training, fir sech un den Auto an de Circuit ze gewinnen, éier et dann an de Qualifying geet.
Den drëtte Fräien Training gëtt e Samschdeg vun 11.25 Auer un op RTL.lu iwwerdroen. Um 15 Auer ass et dann de Qualifying, deen och op RTL ZWEE gewise gëtt, mat Commentaire vum Serge Pauly a Franky Hippert.